D’Rout-Kräiz seet « Merci »

Käerjeng, an zwee Deeg gëtt d‘Auer geréckelt. Dobaussen ass et kal an naass - eigentlech Wieder fir dobannen ze bleiwen. Allerdéngs, …, d‘Lokalsektioun Bascharage huet op ee gemittleche Couscous-Owend an den „Dribbel“ invitéiert. A wéi cool ass dat dann? Hei gi gutt gesënnte Quêteuses‘en / Quêteurs‘en, Vertrieder(innen) aus der Nopeschsektioun Kéinzig-Féngeg a vu „Käerjeng hëlleft“ a beschter Ambiance empfaangen.

Freedeg wëllkomm heescht si de President, den Dr. Marc Jacoby, bei engem gudde Glieschen. Hie bedankt sech a bléckt zeréck op „wat an dësem Joer alles scho geleescht ginn ass“ - „Mënschen hëllefen“. Zudeem wot hien dann een Ausbléck, op déi kommend Aktivitéiten: et bleift spannend. Elo schonn luet hien all Mënsch häerzlech op de Käerjenger Chrëschtmaart an. Hei wäert een den 8, 9 an 10 Dezember och mat engem eegene Stand vertruede sinn, ee flotte Novum.

De Christophe Kieffer, Trésorier, knäppt heirun un an ënnersträicht dee signifikanten Zouwuess, deen d‘Associatioun rezent dach awer erfuer huet - Marie-Jeanne Schambourg an Toni Klein sinn nei u Bord. Zudeem erlaabt hien een detailléierten Abléck, op deen anerer nach 5 Méint waarde mussen : d‘Zuelen vum laafenden Exercice. Flott Idée‘en konnte generéiert ginn an d‘Sektioun huet kloer un Dynamik dozougewonnen, weess hien houfreg matzedeelen.

Entschëllege gelooss huet sech de Sekretär Jos Weimerskirch, hien ass am Ausland.

Elo ass et awer héich Zäit, de Gäscht hier verdéngten Unerkennung endlech zoukommen ze loossen. Mat dëser léifgewonnener Traditioun kréie si nämlech „Merci!“ gesot, wëll si hunn nees gutt (mat)geschafft a vill gehollef. D‘Dier flitt op. Era marschéiert kommen de Roger Hutmacher, den Jalel Bouazizi an d‘Madamm Ludmilla aus der Ukraine. Houfreg presentéieren si zesummen, wat si Guddes preparéiert hunn : een wierklech herrleche Couscous. Am Nu setzt all Mënsch un a léisst sech et ganz häerzhaft schmaachen. Zesummen gëtt dann vill gelaacht, gegeckst a sech och nach ausgetosch. Gelonge Surprise vum Owend awer ass – zumindest fir deen Haapt-Concernéierten - de Gebuertsdagskuch, …, mat engem Ständchen. Bei enger gudder Kiermesdrëpp (Merci Marc) geet dee schéinen Owend dann op een Enn, de Fazit awer ass eendeiteg : à refaire.