Île aux Clowns op Besuch am Servior Nidderkuer

Dat gutt Wieder bleift eis trei, sou datt d'Spidolsclowne vun Île aux Clowns e weidere flotte Concert am Servior zu Nidderkuer konnte ginn. Am Gaart vun der Struktur hunn si lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Klassiker zum Beschte ginn a fir en ofwiesslungsräichen Nomëtteg gesuergt. Dat ganzt am Respekt vun de sanitäre Mesuren.