19. Trakteurs- an Oldtimertreff vun den Trakteursfrënn Nacher

Fir di 19. Kéier haaten d'Trakteursfrënn vu Nacher op hiren Trakteurs- an Oldtimertreff fir Sonndes, den 21. August op Nacher invitéiert. Zuvill waren se aus dem In-an Ausland komm wou et nom Kaffi op di grouss Rondfahrt duerch d'Dierfer vun der Gemeng lassgong wou e ganz gemittlich op dengem Trakter di schéin Natur konnt genéissen. Nom gemeinsame Mëttegiessen waren och eng ganz Reih vun Oldtimerferventen komm fir die schéin restauréiert Autoen- Motorrieder an Trakteuren konnt bewonneneren. Wivill Paerd dat sein Traktor nach an sech hat, dat huet den Dynamometer op der Zapfwell festgestallt. Do huet de Motor alles misse hiergin bis hien bal erwiegt ass. Op Alle Fall können di Nacher Trakteursfrënn fir de groussen Erfolleg vun hirem Fest och bäschtens zefridde sin. (CR ) (Fotoen: Charel Reiser)