Geféiert Duerffestwanderungen

De Wanderveräin Muselfrënn Uewerdonwen hat op seng traditionell Duerffest-Wanderungen invitéiert. Den Streckenmeeschter vum Veräin Marc van Beusekom hat Strecken vun 10 an 5 km erausgesicht. Bei trotz héischen Temperaturen zu dëser Joreszäit haten sech vill Leit afonnt fir di flott Treppeltir an Ugrëff ze huelen. Vun Jonk bis Jonkgebliwener woar alles vertrueden. Och Vertrieder aus dem Virstand vun der Fédératioun woaren um Dill. No den Ustrengungen konnten Wanderer a Wanderinnen sech um Duerffest „ After Work Party „ mat engem killen Gedrénks erfrëschen. Neien Rendez-vous ass den 16. Oktober 2022 op där vum Veräin organiséierter IVV-Wanderung zu Uewerdonwen, wou Strecken vun 20-10 an 5 km ugebueden ginn.