Scheckiwerrechung un Île aux clowns

Entente Wormer zesummen mat de Wormer Pompjeeën an der Wormer Gemeen hu virun Kuerzem e Scheck un Vereenigung Île aux clowns iwerreecht. Wéi all Joer kennt de Kleeschen bei Kanner op Wormer. Traditiounsgeméis geet eng Kescht opgestallt, wou Leit kennen e klengen Don maachen. De Kleeschen a seng Gesellen maachen och nach Hausbesich an dat Geld stellt hien der Entente zur Verfügung. De Betrag ass duerch Entente an Gemeen opgeronnt ginn an esou konnten 1000.-€ un Île aux clowns iwerreecht ginn.