SITW huet Bilanz gezunn

De Syndicat d’Initiative et de tourisme vun der Gemeen Wormer hat kierzlech hir Generalversammlung zu Ohn am Centre Culturel , wou de Saal bis op di leschte Plaz besat woar. De President Henri Hengel hat di grouss Éier de Minister vum Tourismus den Här Lex Delles, den député-maire Max Hengel, Memberen aus dem Schäffen- a Gemeenerot vun der Gemeen Wormer , de fréiere Buergermeeschter vu Wormer Jean Beining, an Vertriedung vum President vum ORT-Moselle Nina Mass, Rieslingskinnigin Sara mat senger Rieslingsprinzessin Lilli a Vertrieder aus den nopesch Syndicat’en ze begreissen. An senger Begréissungsried ass de President op seng amüsant Art a Weis op verschidden Anektoden vu Fréier agangen an huet allen Memberen a Sponsore Merci gesot. E grousse Merci goung un Gemeen Wormer, déi Vereenigung an allen Situatiounen ennerstetzt. Am Tätegkeetsbericht huet den traditionellen Blummeconcours erausgestach. Net manner , ewéi 40 Haiser si mat engem Präis priméiert ginn. Och ass no der Pandemie och erëm den Manifestatiounskallener vun der Gemeen Wormer vum SITW publizéiert ginn. De Veräin zielt fir de Moment 181 Memberen. De Sekretär ass och drop agangen, dass de Veräin onbedëngt eng Verjëngungskur brauch an huet nach eng Kéier e waarmen Appel un di Uwiesend gemaach fir am Comité matzeschaffen. Zwee nau Memberen an zwar Judith Hippert – Kohler an Monique Thommes konnten an de Comité opgeholl ginn. Op den 31. Dezember huet och nach den Trésorier Carlo Kass seng Demissioun agereecht. Dem Carlo Kass e groussen Merci fir seng Aarbecht iwert méi wéi 30 Joer. Gemeen huet vill gemaach op touristeschem Plang , wéi z.B. de Casino zou Einen als Vakanzenhaus agericht, e Quai souwéi eng schéi Spillplaz zu Einen gebaut. Och ass den SITW frou, dass et erëm an der Gemeen en Hotel geet. De President Henri Hengel woar vertrueden op den Ouverturen vum Riesling Open , de Waifester zou Einen a Meechtem , dem Wine Light Enjoy. Op der Traumschleife zou Ohn sinn am vergangenen Joer laut Vist Moselle net manner wéi 6800 Wanderer a Wanderinen gezielt ginn, e plus vun 94,7 % geint iwer vum leschte Joer. Et ass just schued, dass et bei verschidden Deeg zou Ohn keng Méiglechkeet geet fir sech no der Ustrengung ze stärken. Am Duerf Ohn ginn et e puer Waistuffen, déi sech vielleicht heiriwer kennten oder missten Gedanken maachen, sou de Sekretär. Eis nei Trésorière Monique Thommes konnt e positiven Bilan presentéieren. Hei elo Laureaten vum Blummeconcours : en eischte Präis : Jean Herbrink, Ohn, Téid Theves Éinen, Hein-Mertes Nicolas, Cité Léiboesch, Astrid a Sylvie Schill Meechtem, Mme. Lethal-Gniezdza, Wormer-Berreg, Goergette Pundel, Wormer, en zweeten Prais : Stephan Drion, Roger Binsfeld, Monique Becker, Fernandes Fernanda, Ute Olbrich, Marc Bellion, Rolande Jakobs- Schneider, Jean-Paul Mousel-Poos, Nicole Pirsch-Fischer, Gérard Bamberg, en dreeten Prais : Fernand Ries, Romain Rinnen, Frank Steichen, Fernand Greiveldinger, Herbert Muller-Godart, Jupp Pundel- Senninger, eng Mentioun : Max Egide, Raymond Berna-Senninger, Romaine Beckius, Jean Beining – Ley, Francis Thorn-Greif, Victor Roden, Wilfried Koehl, Monique Godart-Jaeger, Germaine Bouchard, e Prix Spécial fir Clos Mon Vieux Moulin, Ohn , Häremillen, Éinen, Rita’s Fashion Shop 4 Kids Meechtem, Pundel Vins Purs Wormerberreg, Maison Communale Wormer, eng Mention spéciale un Hotel Restaurant White Swan vun Einen, eng Félicatioun vum Jury : Caves Pundel – Hoffeld Meechtem, Service Technique vun der Gemeen Wormer. Laureaten krutten vum President am Här Buergermeeschter en Diplom iwerrecht a sinn am Juli en Dag op Passagéierschëff Marie-Astrid invitéiert. Um Programm fir nächst Joer ass virgesinn : den traditionellen Blummeconcours, de Manifestatiounskalenner, eng Orchideenwanderung, e Pique Nique, ernéieren vun de Panneau’en fir Betriber, uléen vun engem Facebook resp. Instagram Account.