Daf vu “CaraMia” an deem neie Rousegaart vun Uewerkäerjeng.

« Uewerkäerjeng a Rousen, wat hunn déi eigentlech mateneen ze dinn ? » Dës Fro dierft eenzelen - ënner deenen 80 Gäscht, déi, Enn September, de Wee bis an déi fonkelnei Roseraie vun Uewerkäerjeng ageschloen haten - duerch de Kapp gaange sinn, wéi d’Harmonie Hautcharage mat „L’important, c’est la Rose“ den Optakt zu enger gelongener Feier gemaach huet. Sphagnum! Op d’Daf vun enger interessanter neier Rous an d’Aweiung vun deem uspriechend réaménagéierte Rousegaart haten « Gaart an Heem Uewerkäerjeng » a « Gemeng Käerjeng » gemeinsam agelueden.

« CaraMia » ass déi neisten Kreatioun vun deem ganz renomméierten belsche Rousen-Ziichter Martin Vissers a bestécht besonnesch mat hire vive Faarwen : dës variéieren, se changéiere vu korallerout iwwer orange bis hin zu rosa. Kräfteg giel ass se an hirer Mëtt. Si huet een angeneemen Doft no Freesien, schéin, gezackten, Bléien an ass beiefrëndlech. De Lien zum Ziichter, deen hat iwwer déi „Lëtzebuerger Rousefrënn“ gefouert.

Parallel heizou ass « CaraMia » zudeem een éiergäizege Projet, deen de « Gaart an Heem Uewerkäerjeng » sech säit laangem op de Fändel geschriwwen hat a vun Ufank un mat ganz vill Enthusiasmus ugepak huet. Iwwer e laangen Zäitraum ass dës Euphorie - vun Treffen zu Treffen - gewuess an huet ons all, ëmmer erëm an op een neits, schéin an Otem gehalen. Op Italienesch bedeit deen wuelkléngende Numm esouvill ewéi « … meng Léift ... » an ass dann och nach eng direkt Uspillung op de Kordall, zu deem nieft Käerjeng och d’Gemengen Péiteng, Déifferdeng a Suessem gehéieren. Am Comité wollten se dat fir de 55ten Anniversaire vun hirer Associatioun schonn uerdentlech maachen an haten hire Spaass domat, längst scho virun der Rousendaf.

A sprëtzege kuerzen Rieden huet de President Sascha Seresse déi zuelräich Gäscht häerzlech begréisst, de Sekretär Christophe Kieffer sech bei allen, déi hien fir dësen Dag mat a säi Boot geholl hat, bedankt, d’Tresorière Romy Kieffer-Thill d’Äntwert op déi uewe gestallte Fro verroden an d’Vize-Presidentin Marie-Jeanne DeJong-Schambourg vun hiren Erfarungen mat « CaraMia » bericht. D’Madamm Maryse Weirig-Hensel, Präsidentin vun de « Lëtzebuerger Rousefrënn » ass op d’Virgeschicht agaangen, éier den Här Martin Vissers, ganz originell, seng Tätegkeeten als Ziichter beschriwwen huet. Och de Buergermeeschter, den Här Michel Wolter, huet sech als Rousefrënd geoutet an explizéiert, wéi d’Gemeng Käerjeng zu dësem reusséierte Schmockstéck komm ass.

A wat wier esou eng Daf, ouni Giedel a Pätter ? Verpatzt? Richteg.... Nadine Wolter-Braconnier an Henri DeJong sinn dës wichteg Persounen - an allebéid vu ganz fréiem Stadium u voll a ganz mat agebonnen - hunn dësem Event zu formidabelem Glanz verhollef. Gedeeft ginn ass déi nei Schéinheet, ganz passend, mat Waasser aus der Chiers (, frësch gekläert).

No der Aweiung vun der Roseraie, an där nieft villen aneren interessanten Zorten nun och 20 „CaraMia“-Rousen hiert neit Doheem fonnt hunn, huet de Buergermeeschter op een Éierewäin invitéiert an huet och net laang fléiwe mussen.

Lëtzebuerg, dat ass gewosst, war emol grousse Rousenexporteur an des Wuer nach bis zum zweete Weltkrich per Schëff iwwer de ganze Globus geschéckt. Fir d’Wuerzelen fiicht ze halen, sinn d’Wuerzelen mat Torfmoos ëmwéckelt ginn. Dëst koum dann aus dem Bouferdanger Mouer (Uewerkäerjeng), dat d’Gebridder Ketten em 1890 gepacht haten an huet den Numm «Sphagnum » gedroen. Uewerkäerjeng a Rousen hunn also scho ganz laang mateneen ze dinn.

Rouse planzt een am beschten am Hierscht. Wien sech vun der Begeeschterung fir « CaraMia » matrappe gelooss huet, kann des gären (wurzelnackt) per Email bei dem « Gaart an Heem Uewerkäerjeng » ( c.kieffer@aikq.de an/oder ctf.uewerkaerjeng@outlook.com ) bestellen a wäert sech da schonn am kommende Summer un deem flotte Faarwespill erfreeën kënnen.

Text: C. KIEFFER / Fotoen: J. REMY a J-M WEILER