Chrëschtconcert vun de Musikanner vun Moutfort-Medingen

Flott an sprëtzeg, war de Chrëschtconcert vun den Mutferter Musikanner um 3. Advent zu Eiter an der Kierch. D'MM hunn de Gäscht passend Melodien zu de Feierdeeg gespillt. International Chrëschtlidder waren um Programm, dee vum der Dirigentin Véronique Feilen geleet ginn ass.

Et ass scho bal eng Traditioun, sou huet och dëst Joer d'Harmonie Moutfort-Medingen no dësem Concert de Glühwäin am Musekhaus offréiert.

Dat ganzt stoung natierlech ënner dem Thema "WE WISH YOU A MERRY CHRISTMAS" an domat seet d'Harmonie Moutfort-Medingen zum Ofschloss vum Joer, all sengen treien Unhänger e grousse MERCI, an wënscht hinne schéin Feierdeeg.