Vernissage bei de NaGIS zu Éiter

Ausstellung iwwert Epicerien a Wiertschaften vu fréier


Éiter. De Vernissage iwwert d‘Austellung vun Epicerien a Wiertschaften vu fréier huet den 29. Oktober eng ca.45 interesséiert Léit op Éiter bruecht. Ënnert Covid-Bedingungen huet een sech hei kënnen iwwert fréier Duerfbutteker a Caféen aus der Géigend informéieren. D‘Präsidentin Suzette Schmit-Lehnertz vun de Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall, huet d’Ausstellung opgemaach, mat engem Luef un all déi Persoune wou derzou bäigedroen hunn, dass dës Veranstaltung méiglech ass. Et ginn hei e sëllege Relikten aus der der Zäit vum Duerfbuttek a vum deemolege Bistro gewisen.

Den Här Jean J. Schintgen, fréiere Generalsekretär vun der Horesca huet dëst Thema mat engem ganz flotte Referat begleet. Heibäi ass hien op d‘Geschicht an d’Entwécklung vun den Duerfwiertschaften agaangen. Hien huet mat enger Partie historeschen Anekdoten, a mat vill Sachkenntnis zum Beruff vum Wiert a senger Aarbecht, déi fréier Aktivitéit an der Wiertschaft erkläert. Wat soss de sozialen Treffpunkt vun den Duerfbewunner duergestallt huet, ass leider mat der moderner Zäit an den Hannergrond geréckelt. Esou ass dann och d‘Zuel vun de Caféen, de Bistroen an de klengen Duerfbutteker mat de Jore staark zeréck gaangen.

Duerno huet d’Buergermeeschtesch vun der Gemeng Conter Marion Zovilé d‘Geschichtsfrënn fir hier Initiative zu dëser Ausstellung gelueft, an de Wonsch ausgedréckt, dass och an der Zukunft soll deen een oder anere gemittleche Bistro bestoe bleiwen, oder nees geschaaft ginn.
Den Owend huet séin Ofschloss fonnt, mat engem Maufel vun de NaGIS an engem Patt deen d’Gemeng Conter offréiert huet.

Fir déi Leit wou nach wëllen dëss flott Ausstellung besichen, sief gesot dass de Centre Culturel zu Éiter nach op de Sonndeger vum 7. a vum 14. November seng Dieren ab 15h00 op huet. Um Kiermessonndeg de 14.11.2021 zerwéiere mir Kiermeskuch mat Haam. Mellt Iech duerfir w.e.g. bis Donneschdes den 11.11.2021 un: Mail: suzette.lehnertz@education.lu oder Tél: 621 153 437