De Schäfferot vun der Gemeng Betzder gratuléiert: Gëllen Hochzäit zu Ouljen

Viru kuerzem war de Schäfferot bei der Famill Gaffinet-Feiereisen fir hinnen fir hir Gëllen Hochzäit ze félicitéieren.
Den Albert Gaffinet ass an der Nopeschgemeng zu Schëtter de 7. Mee 1945 op d’Welt komm. Hie wunnt zënter dem 28. Februar 1973 bei eis an der Gemeng zu Ouljen. Dem Här Gaffinet seng Elteren waren de Mathias Gaffinet an d’Marguerite Krier.
D’Marceline Feiereisen ass den 19. September 1944 zu Lëtzebuerg gebuer. D’Eltere waren den Nicolas Feiereisen an d’Anne Schmit.
D’Koppel ass den 3. Februar 1967 zu Lëtzebuerg bestuet ginn. Si hunn 3 Jongen:
* de Marc, 1967 gebuer;
* de Claude,1969 gebuer a mam Renée Bosle bestuet;
* an de Guy, 1978 gebuer a mam Caroline Schockmel bestuet.
D’Jubilaren hu 4 Enkelkanner: den Tom, den Nick, d’Eva an de Mats. Den Albert war laang Jaaren an der Ouljer Musek an d’Marceline am Gaart an Heem vun Ouljen (Vizepresidentin). Haut ass si Presidentin vun der Ligue vum Gaart an Heem Osten. Dem Albert saïn Hobby ass op d’Juegd goen.
De Schäfferot huet der Koppel e schéint Blummenarrangement iwwerreecht.