Liewensmëttelpäck fir aarm Familljen a Rumänien an Ukrain 1.- 20.11.2025
D'Këschte mussen all d‘selwecht gefëllt si mat folgende Saachen:
1 kg Zocker 250 g Kaffi am Pack 2x Vitaminbrausetabletten
1 kg Miel 250 g Back-Kakao Kichelcher
1 kg Räis Friichtentéi Kamellen
1 kg Spaghetti 500 g Margarine 400 g Schockela
3 Päck Bouillonscuben 2 Fëschkonserven Chrëschtdagskaart
4 Päck Zoppen à 4 Telleren 1 kg Schmull (semoule de blé)
Gitt dës gefëllte Këschte w.e.g. virum 20. November 2025 op de Sammelplazen of.
Dir hutt awer och d'Méiglechkeet fir Geld op de Sammelplazen ofzeginn fir Këschte vun eis fëllen ze loossen (40 € pro Këscht) oder en Don op de Kont ze machen.
Zou Olm sammele mir ausserdeem Kannerspillsaachen, Veloen, Babybettercher mat Matratz a Gedecks, komplett Kannerkutschen, Buggys a waarm Kleeder an Decken. Alles w.e.g. an engem properen a gudden Zoustand. Villmols Merci.
CCPLLULL LU61 1111 7038 8755 0000
KANNER AN FAMILLJENHËLLEF A.S.B.L.
Siège social:
7, rue de Kehlen
L-8394 Olm