Schoulsak-Aktioun 2025 1.-25.7.2025
Schoulsak-Aktioun 2025 1.-25.7.2025
Aarm Kanner an Ost-Europa (Südrumänien) brauchen 1 Schoulsak / Rucksak a guddem Zoustand mat folgendem Schoulmaterial :
3 Hefter (normal Häisercher)
Lineal a Schéier
(nei) Schachtel mat 4 Bläistëfter
Gummi
2 Bic’er
nei Stëfter an Holzfaarwen
Spëtzer
Molbuch
An och: Mutz, Schal, Händschen, waarm Strëmp, e Kuscheldéier, 1 Tut Kamellen
an 1 Zännbischt mat Zännseef.
W.e.g. kee Schokela am Summer.
Dir kënnt all Aarten vu Schoulmaterial op de Sammelplazen ofginn oder een Don maachen fir e Schoulsak mat Schoulmaterial fëllen ze loosen, resp. fir d’Transportkäschten.
Ausserdeem sammele mir zu Olm Schoulbänken, Kannerspillsaachen, Veloen, Babybettercher mat Matratz a Gedecks, komplett Kannerkutschen, Buggys, Kleeder a waarm Decken. Alles w.e.g an engem properen a gudden Zoustand. Well de Kamion just nach zou Olm oplued, biede mir Iech all déi Saachen direkt do ofzeginn.
Villmools Merci.
Sammelplazen / Points de collecte:
Viviane a Charel Elsen-Feltus
12, rue um Lehm
L7596 Reckange/Mersch
Tél : 32 75 42 / Mail : elsench8@pt.lu
siège social: KANNER A FAMILLJENHËLLEF asbl.
7, rue de Kehlen
L8394 Olm
Tél: 661 309 320