Neie Campus Helperknapp: liewen a léieren am Häerz vun der Natur!

E Freideg, den 19. Mee huet déi ëffentlech Aweiung vum neie Campus Helperknapp stattfonnt, bei där déijéineg, déi um Projet bedeelegt sinn, dem Public interessant Abléck an d'Entsteeungsgeschicht vum héichmoderne Schoulcampus vermëttelt hunn. De Frank Conrad (Buergermeeschter vun der Gemeng Helperknapp), de Jean-Claude Bisenius (Schäffe vun der Gemeng Helperknapp), den Olivier Zirnheld (Schroeder & Associés), den Tom Beiler (BFF architectes), de Laurent Kohl (President vum Schoulcomité Helperknapp), de Patrick Mergen (Direkter vun der Grondschoul) an d'Carina Gonçalves (Generaldirektesch vu Caritas Jugend a Famill) hunn hir perséinlech Erfarungen an Andréck matgedeelt. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet a senger Usprooch d'Bedeitung vun dësem innovative Projet vun der Gemeng Helperknapp ervirgehuewen.

Helperknapp ass eng jonk Gemeng, an dat gläich am duebele Sënn: engersäits ass et eréischt fënnef Joer hier, datt d'Uertschafte Béiwen-Atert an Tënten sech an der Fusiounsgemeng Helperknapp vereenegt hunn, anerersäits zielt een hei bei der Gesamtunzuel vu 4 963 Awunner net manner ewéi 538 grondschoulflichteg Kanner. Ëmsou méi wichteg ass et de Gemengeresponsabelen, hire jéngste Bierger a Biergerinne mat enger Infrastruktur, déi u kannerspezifesch Besoinen ugepasst ass, déi beschtméiglech Léierkonditiounen ze bidden. Exemplaresch fir dës Beméiunge steet den neie Campus Helperknapp.

De Bau vun enger neier, moderner Grondschoul war scho virun der Gemengefusioun beschloss ginn. Well déi al Schoulgebaier den Ufuerderunge vum 21. Joerhonnert net méi entsprach hunn, huet ee sech dofir entscheet, d'Infrastrukturen ze zentraliséieren: d'Grondschoul, d'Maison Relais a de Service scolaire vun der Gemengeverwaltung sollten an Zukunft op engem moderne Campus vereenegt ginn. Ausserdeem wollt een e Schoulgebai, dat och ëmwelttechnesch den héchsten Ufuerderungen entsprécht.

D'Bauaarbechte vum neie Schoulcampus hunn den 11. September 2018 ugefaangen. D'Sportshal, déi zum Komplex gehéiert, huet Mëtt September 2021 hir Dieren opgemaach. De 15. September 2022 huet dunn och d'Schoul offiziell opgemaach.

Vill kompetent Mataarbechter suerge fir d'Wuelbefanne vun de Schüler

Entstanen ass e Campus, deen idyllesch an eng natierlech Landschaft agebett ass, dee souwuel de Schüler wéi och den Enseignantë vill Méiglechkeete bitt. Ënnerbruecht sinn hei:

- D'Grondschoul Helperknapp, an där eng héichqualifizéiert Ekipp, déi aus erfuerenen Enseignanten an diploméierten Educateuren besteet, d'Kanner bei der Wëssens- a Kompetenzerweiderung mat vill Engagement begleet.

- D'Maison Relais, déi d'Schüler a Schülerinnen an Aklang mat de Richtlinne vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend betreit. Hei gëllt de Motto: Kanner musse sech fräi beweege kënnen, fir sech fräi ze entfalen!

- De Service scolaire, deem seng Mataarbechter fir den Ënnerhalt an d'Sécherheet vun den Infrastrukture suergen an d'Educateure vun der Schoul an der Maison Relais aktiv ënnerstëtzen.

Um Campus Helperknapp schaffe ronn 130 Persoune fir d'Wuelbefanne vun insgesamt 538 Schüler a Schülerinnen, déi an 33 Schoulklassen ënnerdeelt sinn.

Héichfunktionaalt an energieeffizient Gebai mat vill Charme

Déi uspriechend a funktional gestalt Léierbléck (jeeweils véier Klassesäll pro Schouljoer an ee Multifunktiounsraum) an déi aluedend Raimlechkeete vun der Maison Relais vermëttelen eng frëndlech Atmosphär a garantéieren en harmonescht Zesummespill vun all de Bedeelegten am Schoulalldag.

Geheizt gëtt de ganze Campus mat Holzhäcksel iwwer e Fernwäermenetz. Eng Fotovoltaikanlag um Campusdaach speist eng Energieleeschtung vun ongeféier 500 Kilowattstonne fir d'Energiekooperativ an d'Stroumnetz an. Eng weider Installatioun op der Sportshal versuergt de ganze Campus mat 100 Kilowattstonnen.

Alles ënner engem Daach: e Konzept am Sënn vun de Kanner

E wichtege Virdeel vum neie gemeinschaftleche Campuskonzept vun der Gemeng Helperknapp läit op der Hand: Doduerch, datt déi verschidden Unitéiten op engem Campus wierken, gi vill Käschten agespuert, déi soss hu misse gedroe ginn an elo op aner Poste fir d'Wuelbefanne vun de Kanner kënnen nees agesat ginn.

Liewen a léieren am géigesäitege Respekt!

Dat inklusiivt Konzept vum Campus Helperknapp baséiert op achtsamem Zesummesinn a géigesäitegem Respekt, woubäi besonnesche Wäert op Oppenheet an Empathie geluecht gëtt. Eng participativ Approche an demokratesch Entscheedungsprozesser am Aklang mat dëser Philosophie droen zu enger positiver Atmosphär bäi, an där jidderee sech wuel fillt.

Kannergerecht Ausstattung um ganze Campus

Bei der Konzeptioun vun de Strukturen ass drop geuecht ginn, datt alleguerten d'Ariichtungen duerch an duerch kannergerecht gestalt ginn. Dëst gëllt souwuel fir d'Grondschoul wéi fir d'Installatioune vun der Maison Relais, der Museksschoul, der Sportshal, dem Theatersall, der Bibliothéik, der pedagogescher Kichen souwéi vun de Bastelsäll.

Wichteg: niewent Bildung och Erhuelung!

Esouwuel op schouleschem wéi och ausserschouleschem Niveau bitt de Campus Helperknapp de Schülerinnen a Schüler eng ganz Pallett Méiglechkeeten, fir sech vum Léierstress ze erhuelen. Dozou gehéiere beispillsweis de Bësch niewendrun, déi gemittlech konzipéiert Liesecker niewent eenzele Klassesäll, de gemeinsam gestalte Campushaff, den „Airtramp“ an den Action-Center.

Niewent de Méiglechkeeten, fir u villen ausserschouleschen Aktivitéiten deelzehuelen, ginn d'Kanner ausserdeem an déi intern Schoulorganisatioun abezunn, andeems se zum Beispill encouragéiert ginn, hiren eegene Logo ze entwerfen. Och de gesellschaftlechen Asaz kënnt net ze kuerz: e schéint Beispill fir den aktiven Engagement op dësem Gebitt ass e Spendelaf zugonschte vum „Télévie“, bei deem 37.000 Euro vun de Kanner selwer „erlaf“ gi sinn.

Gesonde Kascht an „Anti-Gaspi“-Frigo

D'Kantin, déi vun der Huelmesser Jugendherberg bedriwwe gëtt, gräift bei der Virbereedung vun de leckere Molzechten – zerwéiert ginn an der Woch ronn 1.500 Menüen – haaptsächlech op lokal, regional a saisonal produzéiert Liewensmëttel zeréck. D'Kantin verfüügt doriwwer eraus iwwer zwee Anti-Gaspi-Frigoen, an deem jiddwereen, deen interesséiert ass, sech fir dräi Euro däerf zerwéieren.

Schoultransport optimal organiséiert

Den Ament brénge fënnef verschidde Buslinne Kanner aus der ganzer Gemeng op de Campus, dobäi ass all Linn mat enger Faarf an engem Symbol gekennzeechent. All Schülerin an all Schüler verfüügt iwwer eng eege Buskaart, wou d'Haltestell dropsteet, wou si oder hie muss erausklammen. An all Bus befënnt sech en Accompagnateur, dee souwuel mat der Maison Relais wéi mam Service scolaire a Verbindung steet.

Vill Zousproch beim „Meet & Greet“

Bei den Erzéiungsberechtegte sinn déi nei Strukturen direkt op breet Zoustëmmung gestouss: Wärend der leschter Rentrée sinn eng Rei Porte-ouverten am Kader vun enger „Meet & Greet“-Aktioun organiséiert ginn, wou d'Famillen d'Geleeënheet haten, sech mam Site ronderëm vertraut ze maachen. Et ass och eng Informatiounsbroschür verdeelt ginn, an där de Public vill Wëssenswäertes iwwer de Campus Helperknapp gewuer konnt ginn.

Interessant ze wëssen ass och, datt den Ausseberäich vum Campus baussent de Schoulzäiten och der breeder Ëffentlechkeet zur Verfügung steet.

D'Pallett Méiglechkeeten, deen de Campus Helperknapp bitt, ass deemno extreem breetgefächert, soudatt ee kann dovun ausgoen, datt nach vill Schülergeneratioune léierräich a schéi Stonnen op dësem toppmoderne Site wäerte verbréngen!



www.campus-helperknapp.lu