Geschichtsfrënn besichen de Musée vu Peppeng

D'Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall hunn zesumme mat interesséierte Memberen de Musée Rural vu Peppeng besicht. Iwwert e ganzen Dag, a mat engem gudde Mëttegiessen gestärkt, konnte mir hei en Abléck iwwert d'Liewen an d'Schaffe vu vergaangene Generatioune kréien. Och de Kutschemusée mat deene ville Päerdskutschen aus der aler Zäit weist engem wéi d'Herrschaften an och spéider d'Vollek sech soss op d'Rees gemaach huet. D'NaGIS, wou selwer am Zeeche vun der Geschicht aktiv sinn begréissen et dass dëse Musée mat villen Ausstellungsstécker a léiwem Detail eist fréiert ländlecht Liewen an Erënnerung hält.