Concert Imagine 2018 am Zeeche vun Dirigentewiessel zu Pärel

Viru kuerzem hat d’Société de Musique St. Lambert vu Pärel op hire Kiermesconcert invitéiert, dee ganz am Zeeche vum Dirigentewiessel stoung. No 15 Joer un der Spëtzt vun dem 1898 gegrënnte Veräin huet den Dirigent Georges Antony offiziell d’Baguette sengem Nofollger Marc Cesarini iwwerreecht.

A Präsenz vum Minister Fernand Etgen, den Deputéierten Marco Schank an Aly Kaes, dem Buergermeeschter Toni Rodesch, der UGDA-Vertriederin Danielle Thill, dem President vun der Réidener Museksschoul Henri Rasqué an dem Eierepresident vun der Päreler Museksgesellschaft Bruno Goudembourg huet de Georges Antony mam Marsch « The Centurion » vum Philip Sparke de Concert agelaut, éier hien dem Marc Cesarini den Dirigentebengel fir d’Suite vum Concert iwwerlooss huet.

Den neien Dirigent huet de Concert mat deem Stéck ugefaangen, mat deem hien sech virun engem Joer bei de Musikanten vun der Päreler Musek virgestallt hat : « Hindenburg » vum Michael Geisler. Den 21 Joer jonken Marc Cesarini vu Béiweng huet Trombonn e.a. an de Conservatoiren vu Paräis a Lyon studéiert a virun dräi Joer seng Passioun fir ze dirigéieren entdeckt. Mat Musék vu « Pearl Habour » « Bond…James Bond » a « Verdi’s Triumph » ass den éischten Deel vum Concert weidergaangen, dee mat vill Charme vum Stéphanie Strotz-Goudembourg presentéiert gouf.

An der Paus gouf et – passend zum Dirigentewiessel - « Cesar(ini) »-Bréidercher. Well Rammerech dëst Joer « Centre de promesse » am Kader vum Télévie ass, goufen och Gadget’en zu Gonschten vum Télévie verkaf. Och hunn d’Musikanten an hiren neie wäissen a bloen Hiemer gespillt.

Am zweeten Deel vun deem Concert, dee mat vill Emotioune verbonne war, a wou de laangjärege President an neien Eierepresident Bruno Goudembourg en décken Applaus krut, huet de Jugendensembel vun der Päreler Musek ënnert der Leedung vum Mike Strotz a Jerry Remesch rhythmesch flott Stécker zum Beschte ginn an d’Auditeuren an d’Welt vum Harry Potter entfouert.