104 Käerzen um Kuch vun der Madamm Antony-Gillé Emma

D‘Madamm Emma Antony-Gillé huet den 3ten Oktober 2023 an der Seniorie St Joseph zu Péiteng hir 104 Joer gefeiert.

An hirer Fräizäit huet Sie gär gebotzt, ass gär schwammen gangen an huet gär geturnt.

Gefeiert gouf an der Seniorie wou Präsidentin Eugénie Derume vun der Amicale wei och de Direkter Laurent Origer vun der Seniorie hir beschte Gléckwënsch ausgeschwat hunn.

D’Gratulatioune vun der Gemeng Péiteng huet den Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf, 1. Echevin Romain Mertzig, 2. Echevin André Martins Dias a 4. Echevin Maria Agostino iwwerbruecht.

Zesumme mat der Famill ass ugestouss ginn.