95 Käerzen um Kuch vun der Madamm Klein-Pletschette Angèle

D‘Madamm Angèle Klein-Pletschette huet den 10ten November 2023 an der Seniorie St Joseph zu Péiteng hir 95 Joer gefeiert.

An hirer Fräizäit huet Sie ëmmer gär gekacht, am Gaart geschafft an spillt gär Kaarten wei och Gesellschaftsspiller.

Gefeiert gouf an der Seniorie wou Präsidentin Eugénie Derume vun der Amicale wei och de Direkter Laurent Origer vun der Seniorie hir beschte Gléckwënsch ausgeschwat hunn.

D’Gratulatioune vun der Gemeng Péiteng huet den Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf, 1. Echevin Romain Mertzig, 2. Echevin André Matins Dias an de 3. Echevin Guy Brecht iwwerbruecht.

Zesumme mat der Famill ass ugestouss ginn.