90 Käerzen um Kuch vun der Madamm Leclerc-Moschen Andrée

D‘Madamm Andrée Leclerc-Moschen huet den 9ten Oktober 2023 an der Seniorie St Joseph zu Péiteng hir 90 Joer gefeiert.

An hirer Fräizäit huet Sie ëmmer gär gekacht, gestreckt an am Gaart geschafft.

Gefeiert gouf an der Seniorie wou Präsidentin Eugénie Derume vun der Amicale wei och de Direkter Laurent Origer vun der Seniorie hir beschte Gléckwënsch ausgeschwat hunn.

D’Gratulatioune vun der Gemeng Péiteng huet den 3ten Echevin Guy Brecht a de 4ten Echevin Maria Agostino iwwerbruecht.

Zesumme mat der Famill ass ugestouss ginn.