Afterwork beim WAX

Déi éischt Editioun vum Afterwork beim WAX zu Péiteng huet groussen Uklang fonnt bei Grouss a manner Grouss. Einfach emol „die Seele baumeln lassen“, e Pättche mat Frënn a Bekannte genéissen oder e Maufel am Restaurant WAX iessen, alles huet dozou bäigedroen, datt jiddfer Gaascht sech wuel gefillt huet. A fir de musikalesche Kader war och mam DJ Kinch gutt gesuergt ginn.

Hutt Dir och Loscht op e puer gemittlech a flott Momenter? Da kommt op deen nächsten Afterwork den 9. Mee vu 17 bis 22 Auer um Site WAX! Mir freeën eis op Iech.

A fir all déi, déi och scho méi laang am Viraus plangen: den Afterwork fënnt och de 16. an 30. Juni esouwéi de 7. Juli statt. Bis geschwënn zu Péiteng beim WAX!