Am Gedenken un d'Affer vu Sonnenburg

Zu Péiteng an der Parkierch gouf an enger feierlecher Zeremonie un déi 90 Affer vu Sonnenburg geduecht, déi Enn Januar 1945 kalbliddeg ëmbruecht goufen. Am Kader vun dësem trauregen Anniversaire gouf gläichzäiteg eng Gedenkplaque enthüllt iwwerdeems am Kulturhaus 'A Rousen' op der Maartplaz d'Ausstellung „Ons Jongen a Meedercher“ & „Gefaangenelager Tambow“ un d'Affer aus de Krichsjoren erënnert huet.