D'Madamm Marie Dostert krut 90 Joer

Viru kuerzem huet d'Madamm Marie Dostert hiren 90. Gebuertsdag am Hotel Threeland gefeiert. Ëmgi vu Famill a Frënn huet d'Jubilarin och déi bescht Gléckwënsch vum Schäffe Guy Brecht entgéintgeholl, deen hir am Numm vun der Gemeng eng schéi Corbeille mat lauter gudde Saachen iwwerreecht huet. Selbstverständlech gouf no der obligater Foto op d'Gesondheet vum Gebuertdaagskand ugestouus.