Cäciliendag 2020 vun der Chorale Ste Cécile Péiteng

Op Cäciliendag gouf bei der " Chorale paroissiale Ste Cécile Péiteng" zwar kleng gefeiert, dofir awer grouss geéiert. Wärend der Houmass sinn zwee aktiv Memberen fir hire jorelaangen Asaz an engem Kierchechouer vum Piusverband ausgezeechent ginn.

Zesumme mam Vize-President François Metz huet den Här Paschtouer Romain Gillen der Madame Marie-Stéphanie Jack d' Sëlwermedail fir 20 Joer an dem Här Gilbert Welter d' Goldplaquette fir 50 Joer aktiven Déngscht iwwerreecht. En drëtte Sänger, den Här Norbert Brosius, séngt zënter 70 Joer onermiddlech, zouverléisseg, mat groussem Engagement a sécherer Stëmm bei all Geleeënheet am Péitenger Kierchechouer. De Comité huet hie mat engem Fotobuch iwwert d' Veräinsliewen 1916-1991 vun der Chorale, zesummegestallt vun den Hären Gilbert Welter a Fernand Bley, geéiert.