Caeciliendag 2023 zu Péiteng

Péiteng. Der hl. Caecilia zur Éier huet d' Chorale Ste Cécile Péiteng, zesumme mat der Harmonie Municipale Péiteng, d' Houmass gesanglech a musikalesch ënnerstrach. Wärend der Mass si fënnef aktiv Membere fir hire jorelaangen Asaz an engem Kierchechouer vum Piusverband geéiert ginn.

A Vertriedung vum President Romain Richer huet de Vizepresident François Metz de Sängerinnen a Sänger hir Verdéngschter ervirgestrach an den Här Paschtouer Alberto Chambi huet d' Auszeechnunge verdeelt. D' Madame Charito Yangson an d' Dirigentin Madame Isabelle Heischbourg krute fir 5 Joer Déngscht d' Insigne de Mérite ugespéngelt. D' Madame Eva-Maria Geis an den Här Romain Diedenhofen, dee leider net selwer konnt do sinn, hu sech d' Bronzemedail fir 10 Joer Sange verdéngt. De Pierre Fourné huet dem Romain seng Medail entgéintgeholl . Fir 20 Joer aktiven Déngscht gouf den Här Matthias Geis mat der Sëlwermedail ausgezeechent.

D'Unerkennung vun hirem groussen Engagement huet d' Gemeinschaft duerch e groussen Applaus zum Ausdrock bruecht.