Festmass mam Generalvikar Patrick Muller zu Péiteng

Péiteng. Sonndeg, de 5. Januar 2020 huet d' Chorale Ste Cécile Péiteng dem neien Här Generalvikar Patrick Muller, engem Péitenger Jong, eng feierlech Mass gesongen, fir hien zu sengem sécher net einfache Posten ze begléckwënschen.

Dëst ënnert der Leedung vun der Dirigentin der Madame Isabelle Heischbourg a mam Här Philippe Dehoux op der Uergel.

De Generalvikar huet zesumme mam Här Paschtouer Romain Gillen a mam Diakon, dem Här Christian Sercey, dës Festmass zelebréiert, un der, niewent de Vertrieder vun de Kierchenorganisatiounen an de gleewege Leit aus der Par Kordall Ste Barbe, och de Péitenger Buergermeeschter a säi Schäfferot deelgeholl hunn.

Um Éierewäin am Home St. Hubert, vun der Chorale offréiert, hunn esouwuel de President vun der Chorale, den Abbé Romain Richer, ewéi de Buergermeeschter, den Här Pierre Mellina, dem Generalvikar an e puer Wierder hir Unerkennung an hir Gléckwënsch zum Ausdrock bruecht. Hien huet mat Freed, Blumme vun der Chorale an e Kado vun der Gemeng entgéint geholl a sech häerzlech bedankt fir dee léiwen Empfang a senger Heemecht, wou hien de 4. Juli 1999 seng Primiz gefeiert hat.