Vernissage

Den 8. Juni war am Centre Culturel zu Rodange de Vernissage vun enger Billerausstellung déi vum 9. bis den 12. Juni gedauert huet a vum Syndicat d'Initiative vu Rodange organiséiert ginn ass.

Déi zwee Kënschtler waren d'Mme Claudia FANELLI, och vu Rodange an den Häer Seydina Issa MBAYA, gebierteg aus dem Senegal. Si hun zesummen eng 40 Tableauën aus verschidde Materialen an Technike virgestallt. Der Mme FANELLI hier Biller haten Themaën aus dem europäechen Kulturkrees an den Häer MBAYA huet Molereien mat senegalesichem Hannergrond gewisen.

Um Vernissage si ronn 100 Leit begréisst ginn, wat fir een Duerf wéi Rodange net Näischt ass. Ënnert hinnen konnt een och den Häer Fernand Kartheiser an d'Mme Sylvie Mischel gesinn. Vun eiser Gemeng hat leider keen Zäit fir kucken ze kommen, wat Schued ass. Si hu sech awer mat enger finanzieller Bäiluecht un den Onkäschten bedeelecht.

No deene 4 Deeg Ausstellung sinn eis zwee Kënschtler mat hierem Succès ganz zefridden.