Banquet mat Diplomiwwerreechung

Nom Ofschloss vun den Italienechcoursen hun 28 Élèven aus 4 verschidde Niveauen hir Diplomer kritt. Fier dat entspriechend ze feieren hat de Syndicat d'Initiative vu Rodange e Samschten, de 9. Juni, op ee Banquet am Restaurant "Italia Nostra" zu Mont-St-Martin invitéiert.

Den Här Spadafora, als Représentant vun der italienecher Ambassade zu Lëtzebuerg, huet sech eng Éier draus gemaach all Éléve perséinlech ze gratuléieren an hinnen déi verdingten Diplomer ze iwwerreechen. No engem flotten Owend waren si all motivéiert fier déi nei Coursen am Oktober un ze fänken bzw op engem méi héigen Niveau firun ze fueren.