Kirmes zu Rodange

De Syndicat d'Initiative vu Rodange hat d'Éier fir d'Ouverture vun der Kirmes, déi all Joer op den éischte Sonnden am Oktober fällt, ze préparéieren.

De leschte Samschden, de 5.10. woar et dann souwäit. Bei wirklech guddem Wieder konnt eise Buergermeeschter, den Häer Mellina, a Begleedung vu verschidde Gemengevertrieder, d'Band, dat vu 4 klenge Majorette gehale gouf, duerchschneiden. Dës Zeremonie ass dann och vun der Harmonie Rodange-Lamadelaine, déi grad vum "Hämmelsmarsch" rëm woar, musikalesch verschéinert ginn. No engem Tour iwwer d'Kirmes huet eise Syndicat alle Leit op der Plaatz fir hir Präsenz Merci gesot an hinnen dunn, engem ale Brauch no, d'Kirmesham mat Allem wat derzou gehéiert offeréiert.


JF