D'Amicale des Anciens vum FC. Red Black Pafendall um Mutforter Haff

Op Invitatioun vun de Responsabelen vun der Amicale, hunn sech d’Memberen och dëst Joer erëm fir déi traditionell Journée Amicale getraff.

Bei schéinstem Summerwieder ass et mueres vum PR Bouillon aus mat engem historesche Bus vun der Stad Lëtzebuerg an de Pafendall gaangen.

Hei stoung eng Visitt an dësem schéinen Dällchen mat ënnert anerem dem Spidolsgaart, dem Théiwesbur, dem Wäschbur, an dem Béinchen um Programm.

Op der Pafendaller Bréck gouf, wéi all Joer, eng Gruppefoto fir de Fotoalbum gemaach.

Duerno huet de sympathesche Buschauffer, dee fréier ëmmer gären d’Tournée am Pafendall gefuer ass, seng Leit iwwer de Clausenerbierg an d’Rout Bréck op Dräi Eechele gefouert, wou ee kuerze Stopp geplangt war, fir iwwert de schéine Plateau ze strummen.

Pünktlech fir d’Mëttegiessen huet um Mutferter Haff e schneekege Barbecue mat kalem Buffet op déi hongreg Mailercher gewaart.

Eng schéin gratis Tombola a flott Live-Musek hu fir eng gemittlech Stëmmung gesuergt. Et gouf gedanzt a bei engem kille Plättchen al Erënnerungen an Anekdoten ausgetosch.

No dësem flotten Dag bleift de Wonsch sech dat nächst Joer gesond a monter fir en nächsten Amicale’s Dag erëmzegesinn.