D’Bengele bei d’Tromm geluecht: den Caeciliechouer Pafendall hält op

Nodeems déi beschtbekannten Däller Fanfare sech 2015 opgeléist huet, huet et elo och den, 1881 vum Laurent Menager gegrënnten, Caeciliechouer getraff.  De 26. Februar 2023 huet déi lescht Generalversammlung a Presenz vun engen 30 Leit, dorënner och d’Madamm Buergermeeschter vun der Stad, am Dällche stattfonnt.  
Eng Institutioun, déi fir d’éischt e Männerchouer wor an dunn duerch de Paschtouer J.P. Ries och Meedercher, vun 1947 un, opgeholl hat. Eng Zäit vu ville schéinen Erënnerungen. Wéi de Paschtouer 1956 op Diddeleng versat gouf, ass et biergof gaangen … bis 1981 en neien Opschwong duerch d’wäiss Patere koum. E stramme Kommitee, wou ë. a. och d’ganz Familljen Théato vertruede wor, huet ënnert der Dirigentin Mme Hédy Wisofsky en neie Wand erabruecht. Et gouf vill improviséiert, mee d’Begeeschterung wor grouss a jiddereen huet eng Hand mat ugepaakt. 1991, - et wor den 110. Gebuertsdag vum Chouer -,  ass den neie Fändel ageweit ginn. D’Festbroschür vum Juni 1991 enthält eng komplett an interessant Chronik vum Veräin. Honnerte Masse goufe gesongen, Hochzäiten, Gebuertsdeeg, Läichendéngschter, Adventsfeieren, Mammendeeg, Kommiounen, asw. goufe kulturell a gesanglech opgewäert. Bei der Oktav wor de Chouer och jorelaang derbäi. A villen anere Poren ass en opgetrueden an dat net nëmmen am Land, mee och am Ausland. D’Dirigenten, nom Nei-Ufank vun 1981 woren d’Mme Hédy Wisofsky an d’Häre Jean Kayser a Patrick Colombo. D’Madame Maria Goldberg wor déi ganzen Zäit déi dreiwend Kraaft an den Här Pierre Liebaert wor säit 1983 President. De Manktem un Nowuess, de Corona an de Changement an de Gewunnechte vun de Leit hunn dem Chouer, no 142 Joer Existenz, elo de Rescht ginn, mee déi lescht Sänger versichen nach d’Traditiounsfeier vum Fliederchesdag bäizebehalen an do ze sangen.  Leider verléiert de Quartier esou nees eng vu villen Associatiounen, déi eng ganz Epoch gepräägt an zur Identitéit vum Dällche bäigedroen huet.

Foto (Nico Bley): D’Assemblée vum 26.2.2023 beschléisst déi offiziell Opléisung vum Veräin.