De Fliederchersdag 2023 um Sichenhaff

Wéi all Joer, huet den Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff, zesumme mat de Sänger aus dem Cäecilië-Chouer, den traditionelle Fliederchersdag an der Kapell um Sichenhaff ofgehalen. Dëst als Erënnerung un déi Zäit, wou déi Leprakrank duerch de Verkaf vun Eeërfliedercher ënnert d'Ärem gegraff kruten. D'Fliedercher goufe fréier vun den Dammen aus der Stad gebak an du fir dee gudden Zweck verkaf. Dëst Joer ass den Erléiss vum Afferstack un den Cent-Buttek gaangen. www.pfaffenthal.info