Schieren 20. Anniversaire vum Planze vun engem Bam fir di Neigebueren

20. Anniversaire vum Planze vun engem Bam fir di Neigebuere vum Joer 2021

Op Initiativ vun der lokaler Ëmweltkommissioun an der Sektioun vum Gaart an Heem, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an eisem Fierschter, gouf samschdes den 2. Abrëll am Butzepark an der Gewan e Bam geplanzt fir di 26 Kanner déi am Joer 2021 an der Gemeng Schieren d’Liicht vun der Welt erbléckst hunn. Vun den invitéierte Familljen hate sech der 16 ugemeld a 14 waren der Invitatioun nokomm. Weider uwiesend waren de Bourgermeeschter Eric Thill, den éischte Schäffen Camille Pletschette a Memberen vun den organiséirende Kommissiounen.

No där symbolischer Planzung vun engem Nëssert vun der Zort „Juglans redgia“ waren d’Pappe gefuerdert, duerno goufen all op eng sympathisch Receptioun an d’Buvette vun der Sportshal invitéiert.

Bei engem Patt mat Schnittercher Taart a Kuch gong dës sympathisch Feier an engem gediegene Kader op en Enn. Zum Schluss krut all Kand nach ee praktische Kado mat heem.

Photo: Carlo Thill, Text: Camille Pletschette