Grouss Botz


Schieren. D‘Ëmweltkommissioun hat an Zesummenaarbecht mat der Gemeng, den Duerfveräiner an de lokale Kommissiounen véierzéng Deeg virun Ouschteren op di traditionnel Grouss Botz agelueden. Um 9h00 haten sech eng 55 Ëmweltbewosster dorënner fofzéng Kanner virum Pompjeesbau afonnt. No enger Tas Kaffi an dem Andeele vun de Strecken konnt et lass goen, fir laanscht d’Stroossen, Feld- a Spadséierweeër ze zéien an alles dat an ze sammelen wat Ëmweltverschmotzer sou einfach alles an d’Natur geheien. De Pompjeescorps dee gutt vertruede war huet fir den Transport vun de Leit a fir den Aftransport vum gesammelten Dreck gesuergt, an et war rëm vill zesumme geraaft ginn.

Zum Afschloss no der traditioneller Gruppefoto huet d’Gemeng e Patt an en Iertsebulli spendéiert.

Camille Pletschette via mywort.lu

Foto. Jerry Schlentz