Planze vun engem Bam fir di Neigebuere vum Joer 2017

Schieren, Planze vun engem Bam fir di Neigebueren vum Joer 2017

Op Initiativ vun der lokaler Emweltkommissioun mat der Lokalsektioun vu Gaart an Heem, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an eisem Fierschter, gouf samschdes de 07. Abrëll 2018 am Butzepark an der Gewan e Bam geplanzt fir d‘Kanner déi am Joer 2017 an der Gemeng Schieren d’Liicht vun der Welt erbléckst hunn. Fofzéng vun 27 invitéierte Familljen waren der Invitatioun nokomm. Uwiesend waren dës weideren, Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot an vu deenen zwou Kommissiounen.

Geplanzt gouf en Nëssert vun der Zort „Juglans redgia“. De Bam war am Viraus vum Fierschter mat senge Bëschleit op d’Plaz gesat ginn. No der Gruppefoto war et un de Pappen fir mat Buedem d’Planzlach opzefëllen woumatt de Bam dann definitiv geplanzt war. De Gaart an Heem huet wéi all Joer op eng Rezeptioun an d’Buvette vun der Sportshal agelueden, bei der di jonk Familljen d’Geleeënheet haten sech kennen ze léieren an a gemittler Atmosphär eng Stënnchen mateneen ze verbréngen. Och un di Kléngst war mat engem Dessert geduecht.

Zur Sécherheet vun eisem Nowues gouf un all Famill ee Rauchmelder verdeelt, zu deem de Pompjeeskommandant di technisch Erklärunge ginn huet. Bei engem kille Patt an engem Maufel z’iessen gouf dës sympathisch Feier ausklénge gelooss.

Camille Pletschette op MyWort

Foto, Carlo Thill