Traditioun .... Fliederchesdag um Sichenhaff dëse Samschdeg

Fliederchesdag um Sichenhaff, Samschdes den 11. Mee 2019 um 17:00 Auer

Den drëtte Sonndeg no Ouschtere gëtt um Sichenhaff Fliederchesdag gefeiert. Den Intresseveräi Pafendall-Sichenhaff hält drop dass dëse Brauch, deen op déi fréier Leproserie zréckgeet, net an de Vergiess gerode soll. Wéi all Joer gëtt an der historescher Sichekapell, den Dag virdrun, Samschdes owes, un dës Traditioun erënnert. No enger Mass, um 17:00 Auer, ginn d’Eeërfliedercher un d’Leit déi komm sinn, verdeelt. Dëst erënnert un déi Zäit, wou d’Leit aus der Stad Fliederecher verkaf hunn zu Gonschte vun den Aussätzegen.

D’Sichenhaffer Kapell staamt aus dem 13. a 15. Joerhonnert. Si gëtt just dësen Dag am Joer genotzt fir eng chrëschtlech Zeremonie dran ze halen.

Besonnesch intressant sinn d’Statue vun deenen Hellegen an der Kapell, déi alleguer nach e Bezuch hunn zu där béisaarteger an onheelbarer Krankheet, dem Aussaz. Et sinn dat de Péiter vu Mailand, de Fiaker, de Märten um Päerd an den Erasmus vun Antiochien.

Un d’Aarbechten aus dem 15. a 16. Jorhonnert erënneren nach wäertvoll Mauerzeechnungen am Bou tëscht Chouer a Schëff.

Déi restauréiert Kierchemiwwelen am Stil Régence, vum Lëtzebuerger Sculpteur Nicolas Anseaux, stamen alleguer aus dem Ufank vum 18. Joerhonnert. Zënter 2014 lauden och zwou nei Klacken, déi zu Éiere vum verstuerwene Lokalhistoriker Fernand Théato gegoss goufen.

All Awunner vum Sichenhaff a Sichegronn, souwéi all aner interesséiert Leit, sinn agelueden.

(Historesch Quellen: Fernand Théato ✝, Fotoen: Claudine Bosseler an Interesseveräin)