E montéierten Coup mat enger medioker Argumentatioun (1 Deel)

Nodeems dat elo vill iwwert mech geschriwwen gouf géif ech gären duerzou Stellung huelen. Als Schäffen gouf ech ëmmer iergendwéi ugegraff am Ufank mat deenen zwee oppenen Bréiwer un den Gemengerot vun zwee Fonctionnairen. Um En vum Joer 2019 sollt schonn sou eng Operatioun stattfannen fir mech als Schäffen aus dem Schäfferot ze geheien, voilà dëst Joer ass déi Aktioun jo dann gegléckt. Den 12.06.2020 am Schäfferot ass den Buergermeeschter Marc Gergen total ausgeflippt beim Thema PAP Everlingerwee. Virdrun hat ech gesot dat ech nitt frou wier iwwert déi Email vum Architekt zu dem PAP. Dorops huet hien ugefaange mat jäizen an huet geziddert vun Roserei an huet dunn seng Saachen gepackt an goung heem. Total out of control. Iwwregens ass him dat och alt mol bei den Pompjeeën geschitt kann also nitt eleng un mir leien. Ech hunn mam Marc Rehlinger duerno nach den leschten Punkt vum Schäfferot gemaach. Am éischten Schäfferotsrapport vum 12.06.2020 stoung näischt vun dem Virfall dran. Duerno koum eng Verbesserung vun dem Schäfferotsrapport wou folgenden Saz dran stoung deen ni, ech betounen ni gesot gouf.


Auszuch aus dem Rapport:

Zum Schluss huet de Buergermeeschter sech iwwert di mangelnd Koopératioun vum Schäffen Zigrand beschwéiert; et géif nit duer goen ëmmer nemmen alles schlecht ze rieden oder ze kritiséieren; Als Schäffen misst de René elo mol endlech den Oppositiounsmodus oofléen, seng politisch Verantwortung iwwerhuelen an Décisiounen, déi eng Kéier geholl si ginn, och matdroen.


Wéi gesot dësen Saz gouf ni gesot an war den Ufank vun menger Demontage.

An der Gemengerotssëtzung vum 29.06.2020 konnt ech nitt derbäi sinn wëll Si Méindes Moies stattfonnt huet géint méin Wëllen. An der Sëtzung gouf ech verbal vum Fernand Muller ugegraff wat am LW an an Gemengezeitung stoen koum. Alles huet op dem Saz vum Schäfferotsrapport baséiert. Den Fernand Muller hat sech nitt virdrun bei mir informéiert firwat dësen Saz am Rapport stoung. Huet un sech keen gemaach.


Auszuch aus dem Rapport:

Rat Groben wollte in dem Kontext vom Schöffenrat in Erfahrung bringen, wie es um den neuen Musiksaal bestellt sei, welcher im Schulprojekt mitverwirklicht werden soll, worauf Bürgermeister Gergen antwortete, dass es für ihn nach wie vor klar sei, dass dieser Probesaal in der Schule integriert werde und dass es ihn mittlerweile müde mache diesen Beschluss gegenüber Schöffe Zigrand immer wieder rechtfertigen zu müssen. Besagter Saal kann auch für die Bedürfnisse der Schule genutzt werden und schaffe außerdem freien Raum für andere Vereinsaktivitäten im Kulturzentrum „op der Fabrik“. Rat Müller knüpfte hier an und bedauerte seinerseits, dass Schöffe Zigrand immer wieder einstimmig vom Gemeinderat getragene Entscheidungen in Frage stelle; für ihn sei diese Situation schlichtweg untragbar und somit stelle sich für ihn die Frage, in wieweit besagter Schöffe nicht fehl am Platze sei. Bürgermeister Gergen bedauerte, dass Schöffe Zigrand berufsbedingt fehle und sich somit nicht erklären könne. Er werde ihm aber in der nächsten öffentlichen Sitzung des Gemeinderates die Gelegenheit dazu geben und hoffe auf eine bessere Kooperation im Interesse aller Bürger der Gemeinde.


Hei bleift Fro op zu wat ech mech erklären soll, och dat ass nitt kloer gesot ginn.


Den Ordre du jour vum nächsten Gemengerot den 29.09.2020 gouf opgesat an keent Wuert zu dem Virfall vum leschten Gemengerot. Wéi deen Gemengerot ugoung huet den Buergermeeschter iwwerraschenderweis den Gemengerot gefrot op hien nach een weideren Punkt kéint op den Ordre du jour huelen. Déi zwee Schäffen woussten vun näischt eppes an dat war genau dee Punkt wéi schonn am viregten Rapport vermierkt. Et kann nitt sinn datt den Buergermeeschter een weideren Punkt op den Ordre du jour setzen wëll loossen ouni datt Schäffen informéiert sinn. Wéi ech gefrot gouf op ech dat wëllt sot ech natierlech nee an den Gemengerot wollt dat iergendwéi dunn och nitt. Komescherweis gouf och nitt driwwer ofgestëmmt an den Punkt koum nitt op den Ordre du jour awer an LW an an Gemengezeitung.


Domadder war eng Basis geschaffen fir mech als ondrobar kënnen dohinner ze stellen.


Auszuch aus dem Rapport:

Eingangs der Sitzung fragte der Bürgermeister die anwesenden Räte, ob sie damit einverstanden wären, einen zusätzlichen Punkt auf die Tagesordnung zu nehmen, betreffend der in der letzten Gemeinderatssitzung laut gewordene Kritik an die Adresse von Schöffen Zigrand bezüglich der Zusammenarbeit im Schöffenrat, wobei diesem jetzt die Gelegenheit eingeräumt werden sollte, sich diesbezüglich zu äußern. Letzterer erklärte sich nicht bereit, zu diesen Vorwürfen in der Öffentlichkeit Stellung zu nehmen, ohne darauf vorbereitet zu sein, so dass die Räte schließlich den zusätzlichen Punkt der Tagesordnung ablehnten.