Meng Kommentaren zu den Préizerdauler Noriichten 1/2023

“Do bréngt et näischt fir al Geschichten ze zielen, laang klasséiert Affären mat Fakenews erëm opliewen ze loossen a mat gezielter Desinformatioun Politik ze maachen.”

Wat een schéinen Saz, leider feelt Erklärung duerzou wat dann domadder alles prezis gemengt ass

Wat sinn dann déi al Geschichten, laang klasséiert Affären an Fake News, Fake News ass een Term deen oft benotzt gouf vum Här Trump fir all Wourecht an den Wand ze schloen. Bass de mat engem nitt d’Accord dann gëtt een mol einfach vun sech datt déi Persoun Fake News verbreet.

Wann een vun gezielter Desinformatioun schwätzt muss een prezis Beispiller kennen opzielen déi déi angeblech Desinformatioun beleeën. Dorobber waarden ech nach haut!

Eisen Schäfferot huet an sengen Opzielungen vun ëmgesaten Projeten, vergiess ze ernimmen dat den Gemengenaarbechter hiert Handwierksgeschier, hire Fuerpark souwéi hier Vestiairen richteg gutt verbessert goufen, Ofschléissen vun dem Projet Shared Space an dem Projet Maison Relais mat duerno der Aweiung vun deenen zwee Objeten.

Den Här Loes genéisst an eisem Gemengerot extra Rechter. Hien däerf seng Texter iwwert mech an den Préizerdauler Noriichten publizéieren sou wéi hien dat wëll an och egal wéi laang seng Monologen sinn. Ëffentlech Steiergelder gi hei benotzt fir dem Här Loes seng Publikatiounen ze bezuelen. Dat heescht am Kloertext datt Allgemengheet seng Publikatiounen bezuelt ob si dat wëll oder nitt. Nujee des Kéier hat den zweeten Schäffen him awer een Stréch duerch Rechnung gemaach wéi hien den Här Loes ënnerbrach huet fir dat endlech Presentatioun vun der neier Schoul konnt starten. Natierlech steet dovunner näischt am Sëtzungsrapport vun dem Gemengerot, souvill zur Desinformatioun.

Den Masterplang gëtt och ernimmt, méi och an dem goung just rieds vun enger neier Schoul ouni Musekssall. Souvill zur Transparenz.

Madame Bönigk huet dann och eng Rubrik an der Zeitung ënner Diskussiounen. Et schéngt wei wann wann Sie an den Här Loes sech déi Aarbecht gutt opgedeelt hätten… Do geet och nach Rieds vun deem onqualifizéierten Schreiwes à toute boîte mat villen Falschaussoen zum Thema Schoulbau. Et geet rieds vun Transparenz, den Cahier den Charge vun der Schoul war sou transparent dat den Gemengerot deen mol nitt ze gesinn krut. Den Här Schaus hat den 1 Juli 2022 eng Aarbechtssëtzung zur Schoul gefrot déi awer ni stattfonnt huet. Hien waart nach haut op seng Äntwert. Ech hunn an mengem Flyer een Deel vum Cahier de Charge vun der Schoul publizéiert, ech hunn dat mat Sécherheet nitt selwer geschriwwen. Fotoen waren och nitt vun mir mee vun Publikatiounen vun dem Büro MC Lëtzebuerg. Leider konnt Madame Bönigk och keng Falschaussoen widderleeë an hëlt den Term Fake News fir sech dohanner ze verstoppen. Verschidden aner Dauler Bierger hunn un eegener Haut matkritt wéi Madame Bönigk virgeet fir hier Zieler ze erreechen.

Ech hat eng Rei Froen eran gereecht an Gemengerotssëtzung vum 24 Mäerz 2023, Froen just iwwert Finanzen vun der Gemeng an déi nei Schoul. Jo dës Froen goufen natierlech nitt beäntwert, firwat? Ech publizéieren hei meng Froen mat Äntwerten déi ech zum Deel wärend der Virstellung vum Schoulprojet vun dem Büro MC Lëtzebuerg krut.

Wéi deier kascht Sanéierung vum Harpeshaus? 1,5 Milliounen € oder nach méi?

Harpes Haus kascht eis méi ewéi 1,5 Milliounen € fir et sou ze sanéieren wéi den INPA (Institut national pour le patrimoine architectural ) dat wënscht. Fir den INPA ass et wichteg dat Plättercher, den enken Gang an Hascht erhalen bleiwen. Den Notzen fir Schoul schéngt dem INPA egal ze sinn. Hätt den Gemengerot Haus nitt geschützt dann bréichten mir déi 1,5 Milliounen € nitt ze berappen. Dat war een Selbstgol. An Zäiten vun Wunnengsnout ass et nach méi schwéier sou een Fait ze erklären. Laut dem Büro MC Lëtzebuerg tendéieren déi méiglech 25 Prozent Subventioun éier op Null.

Wéi deier kascht den Flillek mat dem Multifunktiouns Sall an Musekssall, mat den Toiletten, Stockage, Kichen an alles ronderëm?

Den Multifunktiouns Sall an déi aner Hallschent also den Musekssall kaschten Gemeng laut dem Büro MC Lëtzebuerg 2,4 Milliounen €. Fir den Gemengerot ass den Multifunktiouns Sall den Raum fir Schoul zesummen mam Raum fir Musek. Den Verglach gouf gemaach mam Festsall. Dem ass awer nitt esou. Wann den Festsall vun engem Veräin benotzt gëtt, benotzt den Veräin den ganzen Festsall.

Ass et nach ëmmer virgesinn den Multifunktiouns Sall an Musekssall als Klassesäll ëmzebauen wann Schoul ze kléng wier?

Dorobber krut ech keng Äntwert.

• Em wéi vill Säll kann Schoul ausgebaut ginn bei Bedarf?

Ëm zwee weider Schoulsäll kann dat neit Schoulgebai ausgebaut ginn.

• Wéi ass den Planning fir déi zweet Phase vun der Schoul?

Déi zweet Phase vun der Schoul hänkt vun der Entwécklung vun den Gemengefinanzen of. Den Büro MC Lëtzebuerg huet erkläert dat bei enger Verschëldung vun 15 Prozent den Interieur Gemeng urifft an bei 20 Prozent ass Schluss, duerfir huet den Büro MC den Projet an der Zäit gestreckt, Joer 2035 gouf genannt fir alles ofzeschléissen.

• Wat fir een Montant ass dann virgesinn fir den Projet Schlesserhaus?

Am Schlesserhaus soll abordabelen Wunnraum mat 8 Unitéiten entstoen, leider blockéiert den INPA och hei weiderkommen.

• Wéi geséit eisen plan pluriannuel de financement (ppf) vun eiser Gemeng aus punkto Schoul, Schlesserhaus, Kanal, Waasserleitung, etc? Mat der Phase 1 an Phase 2 vun der Schoul leien mir lo schonn bei bal 33 Milliounen €.

Dorobber krut ech keng Äntwert.

René Zigrand

Conseiller communal