E montéierten Coup mat enger medioker Argumentatioun (2 Deel)

Am Oktober koum Gerücht op den Budget géing net gestëmmt ginn an den Fernand Muller géif mech dann ersetzen am Schäfferot. Den Tom Schaus huet an enger Zousazfro am Gemengerot den 20.11.2020 dat thematiséiert. Ech gouf bal vun allen Säiten ugegraff. Den Rapport deen festgehale gouf entsprécht nitt dem richtegen Oflaf gouf awer sou an der leschter Gemengezeitung publizéiert zu mengem Nodeel.


Do steet dran ech géif gemeinsam Entscheedungen herno ofleenen, vergiess gëtt awer Fakten ze liwweren.


Da seet den Buergermeeschter ech géif just meng Clientèle bedéngen. Wat een Quatsch. Bis elo sinn 4 Bierger zum Thema Baugeneemegungen un mech erugetrueden wëll Si mat Decisiounen vun der Gemeng nitt d’Accord sinn. Bei 3 vun deenen Bierger hunn ech probéiert Saachen op déi richteg Bunn ze bréngen ouni groussen Erfolleg.


Den Subsidenschlëssel war eng laangjäreg Fuerderung vun mir gouf vum Misch Loes ëmgesat éigt dat ech duerzou koum, just an enger Aarbechtssëtzung duerchgeholl an ni am Schäfferot beschwat. Wat war dem Buergermeeschter séin Beitrag dann do?


Jo ech hunn bei zwou Aarbechtssëtzungen gefeelt zur Bauschuttdeponie an Kierfecht Reglement. Aner Leit hunn och gefeelt. Bei der Bauschutt Thematik wier souwisou keng Propose vun mir zréck behalen ginn. Bei deenen zwou Aarbechtssëtzungen wou ech nitt derbäi war hat ech gläichzäiteg aner Versammlungen.


Wat Baugeneemegung ubelaangt déi ech hannerfrot hunn zum Haus lenks niewent der Raiffeisebank, sou war dat schonn berechtegt. Dësen Bau besteet aus Keller, Rez de Chaussée, éischten Stack, zweeten Stack an Wunnraim ënnert dem Dach. Speziell ass do dat Wunneng vum zweeten Stack muss um éischten Stack ugoen fir datt Baugeneemegung legal ass, dat héischt Wunneng vum zweeten Stack huet just eent eegent Trappenhauszougang um éischten Stack. Ass schonn speziell, en plus däerf Corniche just eng Héicht vun 8 Meter hunn. 2017 hat ech eng Bautekommissioun proposéiert wat zu méi Transparenz bäigedroen hätt wat awer leider vum Buergermeeschter verworf gouf. Duerfir hunn ech jo dann eng Clientèle déi bei mech kéint wëll se mat hiren Projeten nitt weider kommen.


Zu Platen gouf een Sidero Projet an Rekordzäit vun puer Wochen evakuéiert an zu Proz dokteren mir séit Joren un sou engem Projet, Do léit den Problem just bei der Politik an deenen zoustännegen Gemengeservicer an nitt beim Sidero.


Am September 2020 wollt ech den B6 eng Kéier duerchkucken hunn awer nach missten waarden bis Oktober/November bis mir dat gemaach hunn mat der Feststellung dat verschidden Bierger B6 bezuelen an trotzdeem nitt direkt eng Baugeneemegung kënnen kréien wat falsch ass an aner Leit keen B6 op hirem Terrain bezuelen wou awer B6 misst drop leien.


Den Fernand Muller huet zwee Mailer zitéiert woumadder hien mech kritiséiert huet. Hien hätt mol besser des Emailer ze liesen éigt dat hien ufänkt ze kritiséieren en plus sinn dat Mailer aus dem Joer 2018. Eent règlement d’ordre intérieur soll laut Gesetz vum Gemengerot ausgeschafft ginn an nitt vun enger commission consultative.


Den Misch Loes séit ech géif Entscheedungen ofleenen déi an Aarbechtssëtzungen getraff sinn ginn. Een Vote an enger Aarbechtssëtzung ass eng Orientéierung fir den Schäfferot an huet soss keng Bedeitung. An dann erënneren ech den Misch Loes drun dat an enger Aarbechtssëtzung decidéiert gouf dat Harpeshaus ofgerappt géif ginn. Déi Decisioun gouf op engem Iessen vum Gemengerot Wochen méi spéit rëm gekippt. So what? Dann hunn ech dat Wuert Copain gebrauch am Zesummenhang mat engem Fonctionnaire. Dat ass laut Misch Loes eng Beleidegung vum Gemengepersonnal. Copain héischt iwwersat op Däitsch Freund, Kumpel oder Kamerad. Wou ass do eng Beleidegung?


An dann kréien ech ëmmer virgeheit ech hätt méint Oppositiounsverhalen nach ëmmer nitt ofgeluecht. Wann ech eppes kritiséieren, eng aner Meenung hunn oder eppes aneschters proposéieren dann gëtt dat als Oppositiounsverhalen duergestallt. Ech soen meng Meenung an duerno hëlt eng Majoritéit eng Decisioun. Leider soen nitt genuch Gemengerotsmemberen hir Meenung.


Eisen Buergermeeschter sot ech wier keen Teamplayer. Wat versteet hien dann ënnert Teamplayer? Een Schäffen deen zu allem jo an Amen séit wat den Buergermeeschter proposéiert. Hien goung eleng an eng Reunioun mam Här Feidt punkto Bauschuttdeponie, hien huet mam Misch Loes Neijoerschdagpresentatioun ausgeschafft ouni dat een Schäffen se ze gesinn krut, ech gouf gewuer wéini keen Schäfferot wier an der leschter grousser Vakanz wéi ech hunn missten eng Hochzäit halen wëll den Buergermeeschter an der Vakanz wier. Reklamanten zu eisem PAG goufen op den Deeg 21.10.2019, 23.10.2019, 25.10.2019, 29.10.2019, 30.10.2019, 31.10.2019 an 06.11.2019 gehéiert. Konnt leider just eng Kéier derbäi sinn. Firwat all déi Versammlungen an deem kuerzen Zäitraum? Ech mengen do feelt eisem Buergermeeschter och e bëssen den Teamplayer Geescht.


Ech hunn absolut näischt falsch gemaach fir missen als Schäffen ofzetrieden. Den Artikel 37 vum Gemengegesetz erlaabt awer Ofsetzung vum Schäfferot sou dat eng Majoritéit dat maachen kann. Si brauchen mol weider duerfir keng grouss Argumenter ofzeliwweren. Dat lo den Fernand Muller meng Platz am Schäfferot besetzen soll ass schonn eent staark Stéck. Dobäi ginn direkt Marc Rehlinger, Marc Groben an Tom Schaus iwwergaangen. Vive den Wielerwëllen an vive Transparenz. Ech mengen eis Walequipe war just eng Fakeequipe.



René Zigrand