Bamfeier vun denen Neigebuerenen


Rammerich: Am Kader vum Dag vum Bam héi zu Lëtzebuerg an am Verlaaf vun enger klenger Feier beim Kulturzenter zu Rammerech, hun iwert 30 néigebueren Kanner di tëschent dem 1. Januar 2021 an dem 30. September 2022 op d’Welt komm sin, e Bâm no hirer Wiel vun der Gemengeverwaltung, geschenkt kritt. Wi d’Schëffin Myriam Binck agaangs vermierkt huet, ass d’Geburt vun engem Kand mit ganz vill Bräich verbonnen an een vun deenen ass planzen vun engem Bam als Zeechen vun engem neie Liewen. Esou kann een vergläichen dat genee wi e Bam , engt Kand vill Léift, Gedold a Pfleg brauch an dat engt vun de villen Rezepter ass, fir Friichten ze droen. Nom Wonsch dat planzen vun all âm vill Spaass mëcht a fir d’Kanner eng schéin Erënnerung op hirem Liewenswee bléiwt. Zesummen gouf dunn symbolisch fir all Kand eng Hieländerheck geplanzt. Och den Philippe Goeres als Vertrieder vun der anf huet op d’Wichtigkeet vum Bam fir Mënsch an Natur higewissen. Mat enger deftiger Zopp a bei engem gudde Patt am Kulturzenter huet dess Bâmfeier hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Fotoen: Charel Reiser)