Den DT Recken/Miersch spent fir d'Chaîne de l'Espoir Lëtzebuerg

De Reckener Dëschtennis spent fir d’Chaîne de l‘Espoir Lëtzebuerg

Den Don setzt sech aus verschiddenen Aktivitéiten am Duerf Recken zesummen

Am Oktober hat de Reckener Dëschtennis seng Frënn a Memberen op ee flotten Owend invitéiert, wou dem Roger Steichen fir seng 56 Joer onermiddlechen Asaz am Comité, dovunner 28 Joer Keessjee an 28 Joer President Merci gesot ginn ass an hien offiziell als Éierepresident op Liewenszäit vum Reckener Dëschtennis begréisst ginn ass. Bei dëser Geleeënheet konnten d‘Invitéen eppes fir de gudden Zweck an eng Këscht leeën. Des Weideren haten d‘Nelly Steichen a seng Frëndinnen um Eenelter Maart Kannerbicher verkaaft, wou si de ganzen Erléis gespent hunn. Ausserdeem war bei engem Nopeschfest zu Recken fir de gudden Zweck gesammelt ginn, an des Suen sinn och an dëse Montant mat ragelaf.

Déi gesammelt Suen goufen de 16.01.2020 offiziell un d’Chaîne de l’Espoir iwwerreecht. Bei dëser Geleeënheet kruten all d‘Leit, déi do waren, vun der Directrice vun der Chaîne de l’Espoir, der Madam Dany de Muyser-Bichler a vum Dokter Luc Schroeder genau erkläert, wat d’Chaîne de l’Espoir ass a wat si maachen.

Op dësem ganz informativen Owend konnt jiddwereen sech ee geneet Bild maachen, wéi wichteg d‘Aarbecht vun der Chaîne de l’Espoir ass, an de Reckener Dëschtennis ass frou, si an hirer Aarbecht kënnen ze ënnerstëtzen.