Grouss Botz zu Réiden hat vill Erfolleg


Réiden/Atert: Jiddereen, dee wëll Hëllefen ass wëllkomm ! D‘Aktioun gëtt ofgehaal onofhängig vum Wieder. Esou stung op der Invitatioun vun der Gemengeverwaltung Réiden fir e Samsden de Moien, den 1. Abrël um halwer 9 Auer beim Gemengenatelier ze sin fir beim Start vun der grousser Botz duerch d’Gemeng Réiden derbéi ze sin. Trotz dem Reen konnt de Buergermeeschter Henri Gerekens ganz vill Matbierger begréissen an huet hinnen och Merci gesoot fir hir ganz grouss Presenz an och fir hirt fräiwëlligt Engagement. Duerno goufen Plangen mat dem néidigen Geschier verdeelt, wou am ganzen 15 Tier duerch di ganz Gemeng virgesin waren, fir alles opzeraafen wat vun jeglichem Drëck an der Landschaft onnötz weg gehéit gin ass. Géint Mëtteg gouf et och di verdingt Verstärkung am Gemengenatelier als klenge Merci déi vun der Gemengeverwaltung Réiden ofréiert gin ass. (CR)(Foto: Charles Reiser)