Renovatioun vun der Spillplatz bei der Réidener Schwëmm


Réiden/Atert: Donneschdes, den 21. Abrëll, hat de Schäfferot vun der Gemeng Réiden, de Gemengerot an de Service technique op déi renovéiert Spillplaz bei der Réidener Schwämm invitéiert, fir bei Gegrills a Gedrénks eng gemittlech Mëttesstonn ze verbréngen.De Projet an Héicht vun 365.797,61.- € TTC war den 22.07.2021 unanime vum Gemengerot gestëmmt ginn. Déi nei Installatioun, op déi d’ Gemeng ganz houfreg ass, berout op engem Konzept, dat de Viraarbechter vum Service „Parcs“ opgestallt huet. D’ Realisatioun ass zum engen Deel an Eege Regie mat ronn 450 Aarbechtsstonnen an 150 Maschinnestonnen an zum aneren Deel duerch extern Firmen ausgefouert ginn.Des weideren soen déi Gemengeresponsabel dem “Ministère du Tourisme” Merci fir de generéise Subsid, deen d’ Gemeng zougesprach kritt huet. (Foto: Charles Reiser)