Schüler vum Atert- Lycée sinn iwwer 6 400 Kilometer um Vëlo gefuer
um weitere Bilder zu sehen.
Réiden/Atert: Muencher engem sin a läschter Zäit di grouss Plakaten lanscht d‘Stroossen an der Géigend vu Réiden/Atert ofgefall, mam Vermierk „Mam Vëlo an den ALR“ vum 24.06 - 01.07 Bei der 9. Editioun waren dest Joer ronn 75 Schüler an 19 Leit vum Personal mam Vëlo wärend 6 Deeg ënnerwee fir an den Lycée zu Réiden ze pedaléieren. Bei deser Kampagne sin nit manner wéi 6.408 Kilometer gefuer gin. All Moien hunn si e Jus an ee croissant zerweéiert kritt, an Owes, bei waarmen Wieder, é Stéck gut Waassermeloun. En Dënsden, den 1. Juli, war dann d’Präisiwerreechung beim ALR wou all Schüler den bei der Editioun 2025 um Vëlo matgemeet hat, mat engem Präis belount gin. Dobéi hun si fir hiren besonnëschen Effort nit nëmmen vum Personal awer och vum Direkter Jeff Kohnen mat engem kräftigen Applaus gratuléiert kritt. (CR ( Fotoen: Charles Reiser)