Réimech.D’Energiekooperativ aus dem Kanton Réimech « EKR » huet de 6. Mee am Festsall vun der Grondschoul am « Gewännchen » zu Réimech hir drëtt uerdentlech Generalversammlung (GV) ofgehalen. Bei dëser Geleeënheet huet de Verwaltungsrot (VR) den uwiesende Memberen déi geleeschten Aarbechten an déi nei Projete presentéiert. De President huet sech iwwert déi gutt Participatioun vun de Kooperateure gefreet. Aus den detailléiert virgedroe Berichter ass ervirgaangen, wat de VR am Joer 2025 ëmgesat huet a wat nach fir 2026 an 2027 geplangt ass.
Niewent den administrativen Aarbechten an den zéng VR-Versammlunge war d’EKR besonnesch houfreg op de Start vun hirer drëtter PV-Anlag um Daach vum Centre Visit zu Réimech den 3. Oktober. De Projet mat enger Leeschtung vu bal 30 kWp besteet aus 65 Solarpanneauen op enger Fläch vun ongeféier 123 m². Déi geschätzte Joresproduktioun läit bei ronn 28.000 kWh, wat engem Stroumverbrauch vu ronn siwe Stéit entsprécht. Den Investissement vu ronn 38.000 € konnt duerch déi enk Zesummenaarbecht mat der Réimecher Gemeng realiséiert ginn.
Am Kader vun der Presentatioun vun der Finanzsituatioun sinn d’Membere gewuer ginn, datt d’Joer 2025 mat engem positive Resultat ofgeschloss gëtt. De gréissten Deel dovunner ass schonn erëm fir déi nächst EKR-Projete virgesinn, entweder um Kierchendaach zu Kanech oder um Daach vum Chalet zu Schwéidsbeng. De vun der Fiduciaire opbereete Finanzbericht gouf vun den zwee Keeserevisoren iwwerpréift an der GV zur Validatioun virgeluecht.
E wichtegt Thema, dat sech wéi e roude Fuedem duerch déi verschidde Virträg gezunn huet, war d’Sich no neie Finanzéierungsméiglechkeeten, sief et iwwer national Subsiden oder duerch d’Iwwerzeege vun neien an treie Kooperateuren.
Fir nei Memberen ze gewannen, stoungen och 2025 Informatiounsversammlungen an zwou Gemengen aus dem Kanton Réimech um Programm. Eng Versammlung gouf den 12. Februar zu Ierpeldeng organiséiert, eng weider de 26. Mäerz zu Fëlschdref. Mat Ënnerstëtzung vum LEADER Miselerland konnt an deem Kontext och e Kommunikatiounsprojet ausgeschafft ginn. Doduerch gëtt d’EKR elo professionell vun engem Graphikbüro an engem Fotograf begleet.
Bei der fräier Aussprooch ass och d’Thema vum Stroumdeelen ugeschwat ginn. D’EKR huet dëst Thema als ee vun hire wichtegsten Zukunftsprojeten definéiert.
Zum Ofschloss huet de Réimecher Buergermeeschter Jacques Sitz den aacht engagéiert an onentgeltlech schaffende Membere vum Verwaltungsrot e grousse Merci ausgeschwat. Uschléissend huet hien am Numm vun der Gemeng op den Éierewäin agelueden. Fir seng Ënnerstëtzung fir d’Kooperativ ze ënnersträichen, huet hien och proposéiert, d’Thema « Energiekooperativ » op den Ordre du jour vun der nächster kantonaler Schäfferotsversammlung ze setzen.
De Verwaltungsrot verbënnt domadder d’Hoffnung, datt duerch esou Engagementer an duerch statlech Subsiden och aner PV-Projete realiséiert kënne ginn, wéi beispillsweis d’Grondschoul zu Duelem oder de Centre Culturel zu Ierpeldeng.
De Verwaltungsrot setzt sech weiderhin aus den aacht Grënnungsmemberen zesummen. D’Chargeverdeelung bleift onverännert: President ass de Mike Molling, Vertrieder vun der Gemeng Bous-Waldbriedemes. Vizepresident ass de Bruno Renders aus der Gemeng Lenneng. Haaptkoordinator ass de Gérard Willems aus der Gemeng Schengen. Sekretär ass den Daniel Schmit aus der Gemeng Bous-Waldbriedemes. Technesche Beroder ass de J-P Schengen vu Réimech, zweeten technesche Beroder ass de Luc Mangen aus der Gemeng Duelem. D’Mayke Lentz-Herbrink, Vertriederin vun der Gemeng Stadbriedemes, ass zoustänneg fir den Newsletter. De Sven Flammang, Vertrieder vun der Gemeng Munneref, këmmert sech ëm d’Internetsäit souwéi ëm d’Instagram- a Facebook-Säiten.