« De Bobësch e schützenswäerte Biotop »

…Quasi 4 Joer sinn et hir , datt am Bobësch zu Suessem/Käerjeng ….Klimaaktivist.inn.en « Youth for climate» eng 1. Bëschbesetzung hei zu Lëtzebuerg duerchgefouert haten. D’BIGS-Aktioun « Camping for Future » mat der Ënnerstëtzung vun der Regional Sud vum Mouvéco an N&Ë Gemeng Suessem (haut Kordall) haten deemools op d’Wichtegkeet vun engem intakte Bësch mat opgeruff .

De leschten 11. Juli hat BIGS erëm zesumme mam Mouvéco Regional Sud an N&Ë Sektioun Kordall en Opruff fir eng guidéiert Bëschvisitt gemaach. Vill interesséiert Leit hate sech dee Mueren Zäit geholl fir sech Qualitéite vun esou engem alen, wäertvollen Hobichen-Eeche-Mëschbësch vum Biolog Rosch Schauls,erklären ze loossen. Bei dëser Visitt ass et drëms gaange fir engersäits Virdeeler an Zäite vum Klimawandel vun engem zesummenhängende Bësch erkläert ze kréien, an anerersäits op Follge vun der geplangter Ofholzung vun ca. 4 ha am Zaemerbësch an am Bobësch wéinst dem Bau vum Contournement zu Käerjeng opmierksam ze maachen.( Beim Zaemerbësch handelt et sech ëm eng europäesch geschützten Natura-2000 Zon – de Bobësch ass als Natura-2000-designéiert an huet als solch och de Schutzstatus).

Wärend der opschlossräicher Visitt sinn engem Zesummenhäng vun de geologesche Schichten , an dësem Fall déi schwéier tounesch Biedem, an d'Resistenz vu Planzen am Verbond, ewéi d’Summereech (Stieleiche, chêne pédonculé), Hobich (Hainbuche, charme),a Maasselter( Feldahorn, érable champêtre) erkläert ginn. D’Esch ( Esche, frêne) an Wëllkiischt (Kirschbaum, merisier) sinn och gutt an der Bamschicht vertrueden. D’Esp (Zitterpappel, tremble), Biirk(Birke, bouleau) weisen als Pionéierholzaarten op fréier Lächer am Krounendaach hin.

Et huet een och matkritt datt z. Bsp. Bich (Rotbuche,hêtre) mat dem Opräissen vun dësem tounegem Buedem,bei enger laanger unhalender Dréchent (Trockenrisse ) net gutt eens gëtt an dofir keng Zukunft huet. Op déi krank Eschen ugeschwat, ass erkläert ginn, datt dat d’Ursaach duerch een aus Japan ageschleefte parasitesche Pilz ass.

An der üppeger Strauchschicht wuessen e.a. Hieselter (Haselnussstrauch, noisetier) , Wäissdar (Weißdorn, aubépine), Hardrutt (Hartriegel, cornouiller sanguin), a weider dorënner fannen sech vill verschidde Buedemkräider.

Et ass kloer datt duerch massiv Agrëffer ewéi d’Uleeë vu « Bëschstroossen», iwwerméissegt Opmaache vun de Bamkrounen, oder de Bau vun neien Infrastrukturen ewéi e Contournement, net nëmmen dat charakteristescht Bëschklima, de Bëschrand, Bëschbuedemaktivitéit , Waasserspäicherkapazitéit an d'Waasserverdonstung asw. irreparabel Schied un dësem komplexe Liewensraum verursaachen, déi duerch keng «pseudo» oder och nach esou «gutt verkaaften» deier Kompensatiounsmoossnam , erëm gutt ze maachen ass.

Genau esou däitlech sinn dee Mueren op Kollateralschied vun engem «net méi zäitgeméisse» Stroossebauprojet ewéi den CT-Bascharage higewise ginn. Net nëmmen datt geplangt ass fir ca. 4 ha intakte , europawäit geschützten an zu Lëtzebuerg an dëser Qualitéit eenzegaartege Bësch um Altor vum Individualverkéier ze afferen, mee och zousätzlech 14 ha duerch Kaméidi an Ofgasen a Stëbs matzebelaaschten. De Verloscht duerch den «effet lisière - Folgeschied» deen sech lues awer sécher duerch de Bëschbestand frësst, ass net ze ënnerschätzen.

BIGS an déi 2 Naturschutzorganisatioune kënnen och net novollzéien datt wéinst der kruzialer an decisiver Konditioun, also der geplangter Plënneraktioun vun der Firma St.Gobain an eng aner Industriezon, also duerch Fräimaache vun Industrieterrain fir de Bau vum Contournement, et elo schonns feststeet dofir zousätzlech 2ha «identesche» Bësch zu Suessem an der nationaler Industriezon «Hanebësch» ,quasi als Industrieterrainkompensatioun , ze afferen. Verréckt!

Net ze vergiessen ass och déi ze héich Wëlddicht. Nierwend de Follge vum mënschegemaachte Klimawandel, droen dës Zoustänn net onbedéngt dozou bäi fir e jonke Bësch iwwer Uplanzungen oder Naturverjüngung eropzezillen. Bis datt esou ee komplext Ekosystem ewéi de Bësch als Solches bezeechent gi kann, vergeet ganz ganz vill Zäit , et dauert méi laang ewéi e Mënscheliewen – op mannst 100 Joer !

Fir BIGS an déi 2 Naturschutzorganisatioune bleift et weiderhin net novollzéibar, datt Zerstéierung vum Bobësch, an och aner Bëscher ,oder Akerland oder soss ekologesch wäertvoll Fläche welch duerch de Bau vum Contournement betraff sinn, voll a Kaf geholl gëtt. Zanter dem Bau vun der Nordstrooss ass gewosst a beluecht, datt e «Bësch» net ze kompenséieren ass. Mir si mëttlerweil matten an der Klimakris ukomm – et ass net méi 5 vir 12 ma 12 Auer!

An Däitschland zBsp. am bekannten «Hambacher Forst», en änlechen Habitat wéi den Zaemer- an de Bobësch, do ginn no jorelaange Protester , a no politescher Asiicht bzw. Ëmdenken, elo déi zerschnidde Bëschgebidder nees matenee verbonnen. A bei eis? Musse mir am Joer 2026 déiselwecht Feeler wéi si deemools nomaachen? Mussen all Feeler och selwer gemaach ginn, éier een sech besënnt?

Nach eng kleng Randbemierkung zum Schluss: den Thermometer huet den 11.Juli op der Strooss um 10 Auer mueres 45 °C ugewisen – am Bësch, am Hallefschied, goufe 25 °C gemooss! À méditer!