Prakteschen Naturschutz vun der Sektioun Réimech vun Natur&Ëmwelt

Welleschten. Op Initiativ vun der Natur&Ëmwelt Sektioun Réimech hunn de 7. Februar zesumme mat etleche Fräiwëllegen, um „Pënteschbierg“ an der Gemeng Schengen, zu Welleschten „op Ploen“ sechs Héichstamm Uebstbeem geplanzt.

Bei de Beem, déi dee Mueren ënner fachlecher Leedung vu Mataarbechter vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur geplanzt gi sinn, huet et sech em Bënzelter (Ebereschen) an Ielenter (Elsbeere) gehandelt.

Dëse prakteschen Naturschutz dréit fir méi Biodiversitéit bäi, a soll op Wichtegkeet vun den Uebstbeem an der Gewan fir Déierewelt an d‘Landschaftsbild opmierksam maachen. Esou fanne Beie, Wëllbeien an aner Insekten hei am Fréijoer Pollen an Nektar a liwweren eis och nach spéiderhi gutt a gesond Uebst. Mat der Zäit ginn och nach nei Liewensräim fir Vullen ewéi de Steekauz, den Dréihälschen oder de Grengspiecht bzw. fir Fliedermais, de Siweschléifer an den Igel geschaf. Des Aktioune sinn och Deel vum LIFE-Projet Bats&Birds vun der Fondation Hëllef fir d'Natur.

Gläichzäiteg si bei dësem „Chantier nature“ déi eng oder aner Kappweed zréckgeschnidde bzw. och nach nei geplanzt ginn.