Cäciliendag vun der Chorale Ste Cécile Réimech

Op Cäciliendag goufen vum Vertrieder vum Pius-Verband, dem Här Jemp Stronck, 2 Memberen vun der Chorale Ste Cécile Réimech geéiert: den Här Patrick Wilwert, deen als Organist zanter 1999 mat séngem fantasteschen Uergelspill Sonndeg fir Sonndeg d’Leit vu wäit a no begeeschtert, desweideren den Här Norbert Watgen, eisen eelste Sänger, fir 5 Joer treit Matsangen am Chouer.