D'CSV Réimech hat de 6. Januar an d'Al Schoul op de Neijoerspatt agelueden

D’CSV-Sektioun Réimech hat de 6. Januar an „d’Al Schoul“ op de Neijoerspatt agelueden.
De President vun der Sektioun, Charel Wagener huet d’Leit begréisst an alles Guddes fir dat neit Joer gewënscht.
Am Ufank vu senger Usprooch ass de Charel Wagener op verschidden Landespolitësch Themen agaang, fir dann d’politësch Arbecht an der Stad Réimech, wou d’CSV jo mat an der Majoritéit ass, ze beliichten.
Hei sinn esouwuel fäerdeg Projeeën wéi déi déi an der Arbecht sinn ugesprach ginn, grad ewéi e Bléck an d’Zukunft.
Den CSV Mandatären vun der Stad Réimech huet hien merci gesot fir hir Arbecht zum Wuel vun de Bierger.
Duerno haten d’Leit nach d’Méiglechkeet bei engem Glas Crémant matenaner ze poteren oder déi eng oder aner Themen mat de Leit aus dem Gemengerot ze bespriechen.