D´ Eechen vum Kinséckerhaff – Wei laang nach ?

An zwéin Artikel:

https://www.wort.lu/de/mywort/rippig/news/rippeg-d-eechen-vum-kinseckerhaff-58fe1a24a5e74263e13b094a

an

https://www.wort.lu/de/mywort/rippig/news/seen-dann-elo-d-eechen-vum-kinseckerhaff-summer-oder-wantereechen-58fe19e2a5e74263e13b07cf


hunn ech d´Eechen vum Kinséckerhaff, engem Haff an engem rouegen Flouerdeel, bei Rippeg virgestallt.


Rippeg ass eng roueg Lokalitéit vun der Becher Gemeng, d´ganz Jar iwwer ass hei net vill gebueden, ausser engem Motorrad Treffen am Juli/August an der traditioneller Antonius Kiermes de 17. Januar. Rippeg ass weltbekannt als Haaptstad vum „ Schwengsgronn „ an di grouss gefeiert Antoniuskiermes. D’Amicale Rippeger Pompjee huet sech nei Statuten ginn woubäi den Akzent um Erhale vum Duerfliewen an de lokalen Traditiounen läit. An deem Sënn iwwerhëlt d‘Amicale d‘Organisatioun vun der traditioneller Rippeger Antoniuskiermes, déi all Joer de 17. Januar am Pompjeesbau mat Hameschmieren an engem gudde Patt gefeiert gëtt.


An da gett et do nach 2 Eechen, als „ Arbres remquables „ klasséiert. An hiert Liewen an och hiert Iwwerliewen a Stierwen soll weider hei dokumentéiert ginn. Well si Kappeeche sinn, déi zu Lëtzebuerg seele sinn, an och wéinst der Plaz wou se stinn, gehéiere si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.


Virun 2 Jar war schonns en Deel vun der déckster Eech ofgebrach an duerno huet ee gesinn dat de Bam huel war. De Bam war elo nach en Zwillingsbaamstamm. Bei enger staarker Loft wärend engem Donnerwieder, Enn Juni 2021 ass de rietse Stamm ofgebrach. De lénkse Stamm huet de Stuerm iwwerstanen, mei och dese Stamm ass huel, et gesäit een der duerch, an der Mëtt lenks gesäit een d´ Luucht duerch den huele Stamm, schreift de Georges Bechet. De Fierschter iwwerleet mat Experten ze kucken wat ze maachen ass fir de Stamm ze verstärken fir dat hien den nächste Stuerm iwwerliewe kann. Di éischt Foto ass vum 25.04.2021 (Georges Bechet), no bausse gesäit do nach alles an der Rei aus. (FSa)