Rippeg - D´ Eechen vum Kinséckerhaff

Hu dir schonns vun dësen Eechen héieren a wosst dir schonns . . . . . . . .

Zu Rippeg, um Kinséckerhaff stinn zwou Eechen, déi duerch hiren Alter, hir Gréisst an hirer Plaz als bemierkenswäert kennen aklasséiert ginn.

Well si Kappeeche (op latein Quercus sp. ) sënn, déi zu Lëtzebuerg seele sinn, an och wéinst der Plaz wou se stinn, gehéiere si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg. Kappeechen entstinn wa bei Eechen déi jonk Äscht regelméisseg bis op de Stamm zréck geschnidde ginn. D'Eechen um Kinséckerhaff goufe fir d'lescht am Éischte Weltkrich zréckgeschnidden. Nom Paul Modert (an senger Dokumentatioun vun 1962), ass d'Schuel vun den Äscht deemools als Lou an der Liederindustrie gebraucht ginn. D'Lou ass d'Schuel vu jonken Eechebeem (fr: taillis de chêne);

Et gëtt keng Quellen déi des Eechen als Summer- oder Wantereeche bestëmmen : Wantereech ass Quercus robur an Summereech ass Quercus petraea. Den Enerscheed ass un de Blieder an um Stiel ze erkennen. D´Eechen vum Kinséckerhaff si Stieleechen sou steet et am Buch Arbres remarquables vun 2002 op der Säit 50. Eng Stieleech huet nemmen e ganz kurzen Stiel dee bei d´ Blaat geet an die aner Eechen hun e méi langen Stiel, dat huet de Becher Gemengefierschter David Farinon mer verroden.

D´Eechen um Wee vu Rippeg op de Kinséckerhaff, op der rietser Séit am Hiewel wieren méi ewei 200 Jar aal, ass mer vun engem Rippeger Awunner verzielt ginn.

Déi déckst vun den zwou Eeche steet op engem Fiels vum Keuper, deen se ugefaangen huet mat hirer Schuel ze ëmwéckelen. Ëm 2000 goufe folgend Moosse notéiert : Ëmfank op Broschthéicht: 4,54 m, respektiv 4,36 m, dat bei enger Héicht vun 19 m, respektiv 18 m.

D'Eechen sinn net op der « Lëscht vun de klasséierte Monumenter » agedroen a sinn demno net als Nationalmonument klasséiert, wat awer komesch ass well se jo awer zu de bemierkenswäerte Beem vu Lëtzebuerg gehéieren an am Buch « Arbres remarquables » vun 2002 agedroe sinn. U wiem ass dann elo vir d´ Initiative ze huelen des Eechen an « d´Lëscht vun de klasséierte Monumenter » azedroen ?

Geographesch Koordinaten: 49° 44’ 15.40’’ N 06° 18’ 41.61’’ O

Merci dem Aby Prommenschenkel, en Ur-Rippeger, dee mech op dees Eechen opmierksam gemaach huet an dofir als Initiator vun dësem Artikel gelt. Déi meescht Informatiounen vum Artikel stamen vum:
https://lb.wikipedia.org/wiki/Eechen_um_Kins%C3%A9ckerhaff

Merci villmools dem Becher Gemengefierschter David Farinon vir seng Informatiounen zur Bestëmmung vun de Summer- oder Wantereechen.