Seen dann elo d´Eechen vum Kinséckerhaff Summer- oder Wantereechen?

Hei ass d´ Äntwert op des Fro:

Wantereech ass op lat. Quercus robur a verléiert hir Blieder eréischt am Wanter resp. wann de Bam nei Blieder kritt; Summereech ass op lat. Quercus petraea, des Eech verléiert hir Blieder schonns virum Wanter d.h. schonns am Hierscht. D´Eechen vum Kinséckerhaff si Stileechen sou steet et am Buch Arbres remarquables vun 2002 op der Säit 50. Eng Stileech huet nëmmen e ganz kuerze Stil dee bei d´ Blat geet an di aner Eechen hunn e méi laangen Stil, dat huet de Becher Gemengefierschter David Farinon mer verroden; den Ënnerscheed ass un de Blieder an um Stil ze erkennen.

Och huet de Fierschter Farinon recherchéiert an den Typ vun den Eechen (Wanter- oder Summereech) um Kinséckerhaff definéiere kennen: D´ Eechen vum Kinséckerhaff sinn also Wantereechen.

Wann der alles iewer d´Eechen vum Kinséckerhaff wësse wëllt, liest den interessanten Artikel op: http://www.mywort.lu/bech/51951930.html